Weekendwieder Update: Héichdrockafloss & Niwwel-Lotto

De Weekend iwwer leie mir ënner Héichdrockafloss. Wéi frëndlech et wierklech gëtt, entscheed de Niwwel op genee deene Plaze, wou en entsteet.

D’Grousswiederlag

Vun haut bis de Sonnde wandert aus Westen en Héichdrockgebitt a Richtung Osten a läit soumat iwwert eise Käpp. D’Nidderschlagsquantitéite bleiwe weiderhi net wierklech nennenswäert – wann et zu Nidderschléi kënnt, dann haaptsächlech duerch deels méi déck Niwwelfelder déi méiglech sinn. Fir de Rescht erwaart eis eigentlech en zimmlech rouege Weekend.


D’Grousswiederlag iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Freiden, 21. Januar 2022

De Moien ass et liicht wollekeg bis hin zu gro duerch Niwwelfelder a Wolleken. D’Temperature leien tëscht -3 a 0 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht -2 an 1 Grad erop. Et ännert net vill, eenzel schwaach Nidderschléi a Form vu Gefisems kënne net ausgeschloss ginn. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 1 a 5 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Et zéien eng ganz Partie Wolleken duerch, sonneg Momenter si wierklech rar Artikelen. Dotëscht geet dat lokalt Gefisems virun. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 0 a 4 Grad zréck, et gëtt ëmmer méi gro an et ass och mat méi décke Niwwelfelder ze rechnen.

Samsden, 22. Januar 2022

De Samsdemoien ass et gro duerch Niwwelfelder, woubäi och Fisemreen méiglech ass. D’Temperature leien tëscht 0 an 3 Grad a klammen am Virmëten op tëscht 1 an 3 Grad erop. Et bleift gréisstendeels gro, d’Warscheinlechkeet vu Gefisems geet awer zréck. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 2 a 6 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h dobäi. Mat Chance ka sech fir e kuerze Moment den een oder anere sonnege Moment dobäi sinn, ier et méi spéit erëm däitlech méi gro gëtt. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 0 an 3 Grad zréck, d’Luucht bleift zou.

Sonnden, 23. Januar 2022

De Sonndemoien ass et staark bedeckt duerch Wolleken a Niwwel, d’Temperature leien tëscht 0 an 3 Grad a beweege sech am Virmëtten op tëscht 2 a 4 Grad erop. Et bleift gro, mee meeschtens dréchen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 3 a 7 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus Nordosten. An de Spëtzte packt en et op 20 km/h. Et gëtt no a no manner wollekeg, spéitstens am spéidere Nomëtte soll sech nach séier d’Sonn kënne weise kommen, ier se ënnergeet. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 1 an 3 Grad zréck, et kommen erëm e puer Niwwelfelder op.