Weekendwieder Update: Kaum Reen, Mix aus Wolleken a sonnege Momenter

Nodeems um Donneschdenowend eng Kalfront iwwert eis ewechgezunn ass, kritt sech iwwert de Weekend erëm héije Loftdrock duerchgesat.

Grousswiederlag

Haut um Freiden zitt héije Loftdrock vum Atlantik hier a Richtung Alpen, wat den Déifdrockafloss aus eise Géigende verdrängt. De Weekend iwwer leie mir also gréisstendeels ënner Héichdrockafloss, deen eréischt vum Sonnden un erëm ofhuele wäert.


Den héije Loftdrock hëllt eréischt um Sonnden erëm of | Animatioun: wxcharts.com

Trotzdeem ass et heiansdo zimmlech gro, besonnesch duerch méiglechen Héichniwwel/Niwwel. Dës Momenter wiessle sech dann mat sonnegen Ofschnëtter dagsiwwer of.

Freiden, 12. Februar 2022

De Freidemoien ass et meeschtens gro duerch Wolleken a Niwwelfelder, d’Temperature leien tëscht -1 an 2 Grad. Glat Stroosse si méiglech. Am Virmëtte klammen des Wäerter op tëscht 1 an 3 Grad erop, et bleift zimmlech wollekeg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 3 an 8 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Mat Chance ka sech och d’Sonn tëscht de Wolleke weisen, ouni dass et zu Nidderschléi kënnt. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -5 a -3 Grad zréck, den Himmel ass kloer bis liicht wollekeg. Eenzel méi déck Niwwelfelder kënne net ausgeschloss ginn.

Samsden, 13. Februar 2022

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, et sinn deels méi déck Niwwelfelder méiglech. D’Temperature leien tëscht -4 a -2 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht -1 an 2 Grad erop. Aus Weste gëtt et no a no méi wollekeg, nach kënnt sech d’Sonn awer weise – virausgesat de Niwwel léisst dëst zou. Mëttes an am Nomëtte leeë sech kompakt Wolleken iwwert eis, et bleift awer dréchen. Déi sonneg Momenter ginn doduerch natierlech méi rar. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 4 a 7 Grad, de Wand bléist zäitweis spierbar aus Südosten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -3 a -1 Grad zréck, et ass liicht wollekeg bis gro duerch Niwwel. Glat Stroosse si méiglech.

Sonnden, 14. Februar 2022

De Sonndemoien ass et liicht wollekeg bis gro, d’Temperature leien tëscht -2 an 1 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 3 a 6 Grad erop. Mat Chance kënnt sech d’Sonn nach weisen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 8 an 12 Grad ze erwaarden, de Wand bléist ëmmer méi spierbar aus Süd-Südwesten. An de Spëtzte packt en et schonn op 55 km/h. Et gëtt lues a lues méi wollekeg, et sollt awer dréche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht komme kompakt Wolleken eragezunn, spéitstens an der zweeter Nuetshallschent reent et verbreet. De Wand dréit stiermesch op a ka Spëtzte vu bis ëm 75 km/h erreechen. D’Temperature pendle sech tëscht 5 an 8 Grad an.