Weekendwieder-Update: Kuerzzäitegen Déifdrockafloss

Héije Loftdrock huet an de leschten Deeg gréisstendeels iwwer eist Wieder bestëmmt, obwuel et zäitweis méi gro war. Elo de Weekend mëscht sech och mol déiwe Loftdrock an, deen awer keen all ze groussen Effekt op Lëtzebuerg wäert hunn.

Grousswiederlag

Iwwerdeems mir um Freide nach gréisstendeels ënner Héichdrockafloss leie, beweegt sech schonn en Déifdrockgebitt vum nërdlechen Atlantik hier a Richtung brittesch Inselen an uschléissend Skandinavien. Dëst bedeit haaptsächlech fir de Nordoste vun Däitschland ongemittlecht Wieder duerch Reen a Stuerm. Och zu Lëtzebuerg ass et zäitweis naass an och mol méi lefteg, vu stiermesche Wandstéiss sollte mir awer näischt matkréien.


D’Wandfelder iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Freiden, 28. Januar 2022

De Freidemoien ass et oft gro duerch Wolleken a Niwwel, d’Temperature leien tëscht 0 an 2 Grad. Lokal kënne glat Stroosse net ausgeschloss ginn. Am Virmëtte klammen d’Temperature just minimal, et ass weiderhin zimmlech gro. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 4 a 7 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Westen. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. D’Wolleke bleiwe present, mat Chance ka sech d’Sonn kuerz weise kommen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 1 a 4 Grad zréck, den Himmel ass zimmlech gro.

Samsden, 29. Januar 2022

De Samsdemoien ass et bedeckt duerch Wollecken an décke Niwwel. D’Temperature leien tëscht 2 a 4 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 3 a 6 Grad erop. D’Luucht bleift zou, Fisemreen ass ze erwaarden. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 6 a 9 Grad ze erwaarden, de Wand bléist liicht spierbar bis spierbar aus West-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 45 km/h ënnerwee. Et bleift bedeckt, Nidderschléi a Form vu Fisemreen gi méi heefeg. Um Owend an an der Nuecht pendle sech d’Temperaturen tëscht 3 a 6 Grad an, et gëtt just e klengt Stéckche manner fiicht.

Sonnden, 30. Januar 2022

De Sonndemoien ass et liicht wollekeg bis hin zu gro duerch Niwwelfelder, d’Temperature leien tëscht 0 an 3 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 1 a 4 Grad erop. De Niwwel ass méi zéi ënnerwee. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 4 a 7 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus West-Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Soubal sech de Niwwel opléist, wiessele sech Sonn a Wolleken of. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 0 an 3 Grad zréck, spéiderhin kënnt aus Nordweste Schnéifall eragezunn.