Weekendwieder Update: Manner Sonn & zäitweis naass

Och déi neist Wiederkaarte confirméieren, dass eis de Weekend iwwer e Changement erwaart.

Grousswiederlag

Héije Loftdrock gëtt fir eng Zäitche verdrängt, liichten Déifdrockafloss dréckt vu Westen hier eran. Doduerch gëtt et virun allem e gutt Stéck méi wollekeg, zäitweis naass – mee d’Temperature wäerte sech net all ze grouss dovu beaflosse loossen.


D’Grousswiederlag iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Samsden, 12. Mäerz 2022

De Samsdemoien ass et meeschtens bedeckt, d’Temperature leien tëscht 4 a 7 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 7 an 10 Grad erop. Et bleift bedeckt, mee et sollt nach meeschtens dréche bleiwen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 10 a 15 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Süd-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Et bleift bedeckt, e puer liicht a lokal Nidderschléi si net ausgeschloss. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 4 a 6 Grad zréck, et bleift bedeckt an et kënne weider schwaach Nidderschléi net ausgeschloss ginn.

Sonnden, 13. Mäerz 2022

De Sonndemoien ass et staark bedeckt, d’Temperature leien tëscht 4 a 6 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 7 a 9 Grad erop. Et bleift bedeckt, ganz schwaach Nidderschléi sinn erëm net onméiglech. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 10 an 13 Grad ze rechnen, de Wand bléist zäitweis spierbar aus Süden. An de Spëtzte packt en et op 45 km/h. Et gëtt ëmmer méi bedeckt, Nidderschléi ginn ëmmer méi warscheinlech. Vum spéidere Nomëtten bis an de spéideren Owend eran kann et groussflächeg reenen, d’Temperature ginn an der Nuecht op tëscht 4 a 6 Grad zréck. An der zweeter Nuetshallschent gëtt et méi dréchen.