Weekendwieder-Update: Schmeierwaarm um Sonnden

Bis de Sonnde gëtt et erëm méi waarm, mee och ëmmer méi schmeier.

D’Grousswiederlag

Héije Loftdrock dominéiert de ganze Weekend iwwer. Vum Sonndenowend un beweegt sech awer e klengt Donnerwiederdéif, wat iwwer Frankräich läit, weider a Richtung Belsch a bréngt eis och ëmmer méi fiicht Loftmassen op Lëtzebuerg. De Sonnde wäert et also e bësse méi schmeier ginn, am spéidere Verlaf vum Dag oder och an der Nuecht op de Méinde besteet dowéinst e klenge Risk vun engem Donnerwieder.


D’Grousswiederlag fir de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Freiden, 13. Mee 2022

De Freidemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 8 an 11 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 12 a 15 Grad erop. Et si nach e puer Wolleken ënnerwee, méi se verschwannen ëmmer méi. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 18 a 24 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus West-Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et bleift sonneg, et zéie just nach e puer eenzel Wolleken duerch. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 6 an 11 Grad zréck, den Himmel bleift gréisstendeels kloer.

Samsden, 14. Mee 2022

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 9 an 11 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 16 a 19 Grad erop. Den Himmel bleift kloer bis liicht wollekeg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 23 a 26 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus Westen. An de Spëtzten ass e mat 25 km/h ënnerwee. Et bleift frëndlech an dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 10 a 14 Grad zréck, et gëtt méi wollekeg mee et sollt dréche bleiwen.

Sonnden, 15. Mee 2022

De Sonndemoien ass et liicht wollekeg bis bedeckt, d’Temperature leien tëscht 13 a 15 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 20 a 24 Grad erop. Sonn a Wolleke wiessle sech of, et bleift dréchen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 25 a 29 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südosten. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Et gëtt kuerz manner wollekeg, d’Sonn weist sech nach besser. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 15 a 17 Grad zréck, et gëtt ëmmer méi wollekeg. Méi spéit besteet eng kleng Warscheinlechkeet vu vereenzelte Schaueren oder och mol engem Donnerwieder.