Weekendwieder Update: Schonn de Sonnde geet et variabel virun

Mir erliewen elo e puer Stonne mat héijem Loftdrock & doduerch rouegem Wieder. Dëst soll awer net all ze laang unhalen.

Grousswiederlag

Iwwerdeems déiwe Loftdrock dobaussen um Atlantik ronderëmwirbelt, hu mir et iwwert dem südleche Mëtteleuropa mat héijem Loftdrock ze dinn. Duerch dës Konstellatioun gi weiderhin iwwerduerchschnëttlech héich Temperaturen an eis Géigende gelenkt, iwwerdeems d’Wieder u séch awer zimmlech roueg bleift. Eréischt vum Sonnden u schléit et erëm ëm, well den héije Loftdrock a Richtung Süde verdrängt gëtt a vun Norden hier den Déifdrockafloss erëm zouhëlt.


Um Sonnde schléit d’Wieder schonn erëm ëm | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Freiden, 31. Dezember 2021

De Freidemoien ass et liicht wollekeg bis hin zu lokal gro duerch Niwwelfelder, d’Temperature leien tëscht 7 a 9 Grad a pendle sech am Virmëtten tëscht 6 an 8 Grad an. De Niwwel léist sech mat Chance schonn lues a lues op, fir dass sech op den éischte Plazen d’Sonn weise komme kann. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 10 a 14 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Zäitweis zéie méi déck Wolleken duerch, mee sonneg Momenter sinn dotëscht weiderhi méiglech. Et bleift dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 8 an 10 Grad zréck, et kënnt frësche Niwwel op.

Samsden, 01. Januar 2022

De Samsdemoien ass et nach méi oft gro duerch Niwwel a méigleche Fisemreen. D’Temperature leien tëscht 8 an 10 Grad a verännere sech am Virmëtten esou gutt wéi guer net. Et bleift meeschtens gro. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 10 an 12 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Süden. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Soubal de Niwwel fort ass, wiessle sech d’Sonn an e puer méi déck Wolleken of. Et bleift dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 6 an 8 Grad zréck, neie Niwwel ass schonn ënnerwee.

Sonnden, 02. Januar 2022

De Sonndemoien ass et bedeckt, et kënnt op ville Plazen zu Niwwelfelder. D’Temperature leien tëscht 3 a 7 Grad a pendle sech am Virmëtten tëscht 6 a 9 Grad an. Et bleift bedeckt a plazeweis och niwwleg, dobäi ass Fisemreen net ausgeschloss. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 10 an 13 Grad ze erwaarden, de Wand bléist spierbar bis stramm aus West-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 55 km/h ënnerwee. D’Wolleken dominéiere weiderhin, just heiansdo a lokal begrenzt kann et mol kuerz zu engem méi frëndleche Moment kommen. Et bleift meeschtens dréchen. Um Owend an an der Nuecht bleift et meeschtens bedeckt, bis an déi fréi zweet Nuetshallschent eran gëtt et naass. De Wand ass stramm bis stiermesch ënnerwee a packt et an de Spëtzten op 80 km/h.