Weekendwieder Update: Sonnden tendenziell frëndlechsten Dag

Och déi neist Wiedermodeller confirméieren, dass de Weekend guer net esou schlecht gëtt. Besonnesch am Laf vum Sonnde soll et richteg frëndlech ginn.

D’Grousswiederlag

D’Modeller gesinn et ëmmer nach esou, dass sech haaptsächlech um Samsde liichten Déifdrock tëscht den Héichdrock drécke soll, deen um Freiden an um Sonnden um laangen Hiewel wäert sinn. Déi nei Woch soll dann erëm mat gréisstendeels héijem Loftdrock ugoen.

De Verlaf

Freiden, 06. Mee 2022

De Freidemoien ass et liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 8 an 11 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 13 a 17 Grad erop. Sonn a Wolleke wiessle sech of. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 18 an 23 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et gëtt ëmmer méi wollekeg, et sollt awer bis op e puer Ausnamen dréche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 7 an 11 Grad zréck, et gëtt erëm manner wollekeg.

Samsden, 07. Mee 2022

De Samsdemoien ass et meeschtens bedeckt, et sollt awer gréisstendeels dréche bleiwen. D’Temperature leien tëscht 10 an 12 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 14 a 17 Grad erop. Et bleift bedeckt, eenzel Schauere kënne net ausgeschloss ginn. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 17 an 22 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 25 km/h ënnerwee. Et bleift staark bedeckt, Schauere sinn ëmmer nach warscheinlech. Sonneg Momenter si just heiansdo dotëscht mol dran. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 8 an 11 Grad zréck, et zéie just nach e puer Wolleken duerch.

Sonnden, 08. Mee 2022

De Sonndemoien ass et staark bedeckt, et kënne Niwwelfelder optrieden. D’Temperature leien tëscht 8 an 12 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 12 an 18 Grad erop. Et gëtt a klenge Schrëtt manner wollekeg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 16 an 23 Grad ze erwaarden, de Wand bléist zäitweis spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Et gëtt ëmmer méi sonneg an et bleift dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 7 an 11 Grad zréck, den Himmel ass kloer bis liicht wollekeg.