Weekendwieder UPDATE: Temperaturschwankungen, zäitweis Flacken

Wéi schonn gëschter betount, gëtt de Weekend nawell en zimmlech variablen. Hei ass en Update.

Grousswiederlag

De ganze Weekend iwwer leie mir ënnert dem Afloss vun déiwem Loftdrock, wat zum engen haaptsächlech eppes bedeit: et bleift gro an oft fiicht. D’Temperature schwanken dobäi, wat an engem Mix aus deels méi wanterlechen an och manner wanterlechen Zäitofschnëtter resultéiert. Am Süden ass et alt erëm am schwéiersten, fir un déi méi wanterlech Phasen erunzekommen.


De variable Verlaf vum Weekend vun uewe gekuckt | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Freiden, 03. Dezember 2021

De Freidemoien ass et gro duerch Wolleken an eenzel Niwwelfelder, d’Temperature sinn tëscht -3 an 2 Grad ënnerwee – glat Stroosse si méiglech. Am Virmëtte klammen dës Wäerter op tëscht -2 an 2 Grad erop, also net all ze wäit. Den Himmel bleift meeschtens gro, mee Nidderschléi wéi Schnéi oder Reenschauere sollte keng erofkommen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht -1 an 3 Grad ze erwaarden, de Wand bléist spierbar bis stramm aus Südweste mat Spëtzte vu bis zu 50 km/h. Aus Weste kommen ëmmer méi kompakt Wolleken op, déi eis am Laf vum Nomëtte Nidderschléi bréngen. Dës fale gréisstendeels als Schnéi a Schnéireen, wat op déi nach nidderëg genuch Temperaturen zreckzeféieren ass. Dëst hält bis an de fréien Owend un, ier duerno d’Temperature séier klammen. An der Nuecht pendle sech d’Temperaturen tëscht 2 a 5 Grad an, de Schnéi a Schnéireen geet iwwerall a Reen iwwer.

Samsden, 04. Dezember 2021

De Samsdemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 2 a 6 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 3 an 8 Grad erop. Et bleift bedeckt an et reent ëmmer erëm. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 3 a 9 Grad ze erwaarden, de Wand bléist spierbar aus West-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 45 km/h ënnerwee. Et bleift bedeckt a naass, eréischt a Richtung spéidere Nomëtte fänkt et u manner naass ze ginn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 0 a 4 Grad zréck, et bleift zimmlech bedeckt mee et sollt gréisstendeels dréche bleiwen. Duerch Nätzt déi fréiert riskéiert et lokal glat ze ginn.

Sonnden, 05. Dezember 2021

De Sonndemoien ass et staark bedeckt, aus Westen hier setzt Schnéifall an. D’Temperature leien tëscht 0 an 3 Grad a klammen am Virmëtte net vill méi wäit. Et bleift wollekeg, dat bei Schnéireen a Schnéifall. Mëttes an am Nomëtte bleiwen d’Temperaturen an dësem Beräich, et ass ëmmer erëm mol mat enger eenzelner Schnéischauer ze rechnen. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus West-Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -1 an 2 Grad zréck, et gëtt e bësse manner naass. Liicht Gefisems ass trotzdeem nach méiglech, glat Stroosse sinn ze erwaarden.