Weekendwieder Update: Um Sonnden op e Neits Stuermstéiss méiglech

Am Laf vum Freide gëtt et zimmlech ongemittlech. No enger Berouegung um Samsde soll de Sonnde nach eng Nummer méi lefteg ginn.

Mir leie weiderhin gréisstendeels ënner Déifdrockafloss, iwwerdeems de Süde vun Europa an och de Mëttelmierraum méi vun héijem Loftdrock versuergt gëtt. Duerch dësen Déifdrockafloss ass dëse Weekend mat net besonnesch guddem Wieder ze rechnen, am Géigendeel.

Freiden, 04. Februar 2022

De Freidemoien ass et staark bedeckt, dobäi sinn och méi zéi Niwwelfelder méiglech. D’Temperature leien tëscht 3 a 5 Grad, am Virmëtte sollen dës Wäerter op tëscht 4 a 7 Grad klammen. Et bleift weiderhi meeschtens gro, dobäi kann et zu liichte Nidderschléi a Form vu Fisemreen kommen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 6 a 9 Grad ze erwaarden, de Wand bléist nach gréisstendeels nëmmen zäitweis spierbar. Méi spéit, tëscht 16 an 20 Auer, passéiert eis eng Kalfront. An dësem Zäitraum sinn och deels méi stiermesch Wandstéiss net ausgeschloss, besonnesch wa parallel dozou méi kräfteg Nidderschléi optrieden. Schonn am weidere Verlaf vum Owend gëtt et direkt manner lefteg an d’Nidderschléi loosse no, d’Temperature ginn op tëscht -1 an 1 Grad zréck. Dobäi kann et lokal begrenzt zu Nätzt déi fréiert kommen.

Samsden, 05. Februar 2022

De Samsdemoien ass et erëm zimmlech gro duerch Niwwelfelder, d’Temperature leien tëscht -1 an 1 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 1 an 3 Grad erop. Et bleift zimmlech gro, mee awer och meeschtens dréchen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 4 a 6 Grad ze erwaarden, de Wand bléist spierbar aus West-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 45 km/h ënnerwee. Et zéie vill Wolleken duerch, dotëscht ka sech awer och d’Sonn weise komme wa sech de Niwwel fir d’éischt mol opgeléist huet. Et bleift dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 3 a 6 Grad zréck, et gëtt ëmmer méi wollekeg mee et bleift mol nach meeschtens dréchen. De Wand hëlt spierbar zou.

Sonnden, 06. Februar 2022

De Sonndemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 4 a 6 Grad. De Wand ass spierbar ënnerwee a packt et an de Spëtzten op 65 km/h. Am Virmëtte bleiwen d’Temperaturen am selwechte Beräich, de Wand intensivéiert sech weider. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 5 a 9 Grad ze erwaarden, de Wand gëtt weiderhi méi staark. Et ass mat Stuermstéiss vun tëscht 70 a 90 km/h ze rechnen. Et reent, dat och mol méi laang unhalend an zäitweis méi intensiv. Um Owend reent et mol nach weider, ier et an der Nuecht op de Méinde méi dréche gëtt. De Wand bleift weiderhi stiermesch ënnerwee, esou wierklech ofhuele sollt dësen eréischt um fréie Méindemoien. D’Temperature pendle sech tëscht 1 a 4 Grad an.