Weekendwieder-Update: Vill déck Wolleken, e bësse Ree méiglech

De Weekend iwwer leie mir zwar gréisstendeels ënner Héichdrockafloss, allerdéngs kann trotzdem mol e klengt Déif fir eng liicht Nidderschlagswarscheinlechkeet suergen.

De Verlaf

Freiden, 29. Abrëll 2022

De Freidemoien ass et liicht wollekeg bis hin zu bedeckt, d’Temperature leien tëscht 7 a 9 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 12 a 16 Grad erop. Et ass bedeckt, mee et sollt meeschtens dréche bleiwen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 14 a 19 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Norden. An de Spëtzten ass e mat 50 km/h ënnerwee. Et zéie vill déck Wolleken duerch, d’Sonn weist sech heiansdo mol dotëscht. Eng lokal begrenzt Schauer ka net ausgeschloss ginn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 4 a 7 Grad zréck, d’Situatioun ännert sech net.

Samsden, 30. Abrëll 2022

De Samsdemoien ass et staark bedeckt, lokal si Schaueren ënnerwee. D’Temperature leien tëscht 5 a 9 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 8 an 12 Grad erop. Et bleift bedeckt a lokal naass. Mëttes an am Nomëtte kann ee sech Maximaltemperature vun tëscht 11 a 16 Grad erwaarden, de Wand bléist spierbar aus Nord-Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et ass ëmmer nach meeschtens wollekeg, heiansdo weist sech d’Sonn mol dotëscht. Et sollt wäitgoend dréche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 4 a 6 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg an déi kleng Schauerwarscheinlechkeet geet och zréck.

Sonnden, 01. Mee 2022

De Sonndemoien ass et liicht wollekeg bis hin zu bedeckt, d’Temperature leien tëscht 5 an 8 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 8 an 12 Grad erop. Et gëtt ëmmer méi wollekeg, et bleift awer dréchen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 12 a 17 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Tëscht den décke Wolleke ka sech heiansdo d’Sonn weise kommen, dat bei enger minimaler Schauerwarscheinlechkeet. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 4 a 7 Grad zréck, et bleift meeschtens bedeckt.