Weekendwieder-Update: Wiermt-Peak um Samsden, duerno bësse manner waarm

Déi summerlech Temperature sinn zréck. Stabil kënne se sech awer net bei eis halen.

De Weekend gëtt variabel

Och déi lescht Modeller confirméieren en éischter variablen Trend fir de Weekend, bei deem et virun allem haut um Freiden an och um Sonnden zu Schauere komme kann – deels och mat Donnerwieder duerchsat. Dëst méi variabelt Muster mécht sech och iwwert eise Nopeschlänner bemierkbar, woubäi do awer punktuell de Risk vu méi kräftegen Donnerwieder méi héich ass wéi heiheem zu Lëtzebuerg.


D’Nidderschlagsanimatioun vum europäeschen ECMWF-Modell | Animatioun: wxcharts.com

Freiden, 03. Juni 2022

De Freidemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 12 a 15 Grad. Am Virmëtte klammen dës Wäerter op tëscht 17 an 21 Grad erop, et gëtt lues awer sécher méi wollekeg. Mëttes an am Nomëtten zitt sech den Himmel dann richteg zou, vum fréie Nomëtten un ass mat den éischte Nidderschléi aus Frankräich hier ze rechnen. D’Temperature packen et op Maximalwäerter vun tëscht 23 a 26 Grad. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Süd-Südwesten, an de Spëtzten ass e mat 25 km/h ënnerwee. Et besteet de Risk vun eenzelnen Donnerwieder, bei deene besonnesch de Staarkreen an de Fokus gerode kann. Sollte mir et mat enger lokal méi zolitter Zell ze di kréien, wat awer definitiv der Ausnam ugehéiert, da kéim och de Risk vu spierbare Wandstéiss & klenge Knëppelsteng dobäi – mee wéi gesot, dës éischter als absolut Ausnam, meeschtens sollte sech d’Intensitéiten a Grenzen halen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 13 a 15 Grad zréck, et gëtt a klenge Schrëtt manner wollekeg.

Samsden, 04. Juni 2022

De Samsdemoien ass et liicht wollekeg bis hin zu bedeckt, d’Temperature leien tëscht 14 a 17 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 18 an 22 Grad erop. Et gëtt zwar ëmmer méi wollekeg, et bleift awer wäitgoend dréchen. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 23 a 27 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. D’Sonn kënnt sech och mol tëscht den décke Wolleke weisen, iwwerdeems de Gros vun alle Nidderschléi u Lëtzebuerg laanschtzéien. Just lokal begrenzt kann et mol zu geréngfügegen Ausname kommen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 14 a 16 Grad zréck, et bleift zimmlech wollekeg. Besonnesch a Richtung fréie Sonndemoie kann et net ausgeschloss ginn, dass iergendwann Iwwerreschter vun engem alen Donnerwiedersystem bei eis ukommen.

Sonnden, 05. Juni 2022

De Sonndemoien ass et bedeckt, aus Frankräich an och der Belsch hier kann et schonn zu den éischte Schauere kommen. D’Temperature leien tëscht 15 a 17 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 17 an 21 Grad erop, et bleift bedeckt an och d’Schauerwarscheinlechkeet ass ëmmer nach present. Mëttes an am Nomëtten geet et mat de ville Wolleken an och mat de Schauere virun, dotëscht ass och mol en agelagert Donnerwieder méiglech. Dobäi besteet dann och erëm haaptsächlech de Risk vu Staarkreen. De Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Südwesten, an de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Vum spéidere Nomëtten u soll et tendenziell méi dréche ginn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 12 a 15 Grad zréck, trotz enger klenger Schauerwarscheinlechkeet sollt et meeschtens dréche bleiwen.

Net ganz vum Dësch sinn iwweregens ëmmer nach Berechnungen, déi fir de Sonnden eng potenziell Dauerreenlag gesinn. Dëst muss awer, och bei Antreffen, net wierklech och eng warnrelevant Situatioun bedeiten.