Weekendwieder-Update: Zäitweis Schauere net ausgeschloss

De Weekend iwwer passéiert eis en Déifdrockgebitt, de Kär zitt südlech un eis laanscht. Doduerch gëtt et méi wollekeg an zäitweis ass och mol eng Schauer net ausgeschloss.

Grousswiederlag

Vum Friedenowend un zitt en Déifdrockgebitt, wat de Moment nach westlech vu Frankräich läit, a Richtung Mëttelfrankräich. Do ass muer um Samsde mat enger ganzer Partie Schaueren an och mol Donnerwieder ze rechnen. Dëst Déif pzitt um Sonndemoie fréi südlech u Lëtzebuerg laanscht a bréngt eis och e ganze Pak Wolleken. Um Samsden ass d’Reewarscheinlechkeet liicht erhéicht, um Sonnden ass se nach en Tick méi héich.


D’Grousswiederlag iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Freiden, 22. Abrëll 2022

De Freidemoien ass et liicht wollekeg bis plazeweis bedeckt, d’Temperature leie gréisstendeels tëscht 5 an 8 Grad. Am Virmëtte klammen dës Wäerter op tëscht 8 a 14 Grad erop, d’Situatioun bleift onverännert. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 14 a 19 Grad ze erwaarden, de Wand bléist zäitweis spierbar aus OSt-Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et bleift zimmlech wollekeg, d’Sonn weist sech awer och mol dotëscht. Et bleift gréisstendeels dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 6 a 9 Grad zréck, et gëtt e bësse manner wollekeg.

Samsden, 23. Abrëll 2022

De Samsdemoien ass et meeschtens wollekeg, d’Temperature leien tëscht 7 an 10 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 12 a 15 Grad erop. Et bleift zimmlech gro. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 15 a 19 Grad ze erwaarden, de Wand ass spierbar aus Osten ënnerwee. An de Spëtzte packt en et op 45 km/h. Den Himmel ass staark bedeckt, punktuell kann eng eenzel Schauer net ausgeschloss ginn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 6 an 10 Grad zréck, et bleift bedeckt an d’Warscheinlechkeet vun enger eenzelner Schauer verschwënnt ni ganz.

Sonnden, 24. Abrëll 2022

De Sonndemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 7 an 10 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 9 an 12 Grad erop. Et bleift bedeckt an zäitweis naass. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 11 a 14 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Déi vill Wolleke bleiwen, heiansdo ass eng Schauer dran. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 5 an 8 Grad zréck, et trëtt verbreet Reen op.