Weekendwieder: Vill Wolleken, weiderhi kleng Schauerwarscheinlechkeet

De Weekend iwwer ginn et keng all ze grouss Ännerungen. Déi kleng Schauerwarscheinlechkeet, déi mir zanter dem Donneschde mat eis droen, gëtt bäigehalen. Wéi bis ewell och, wäert et awer nëmme ganz lokal begrenzt naass ginn – a wann och net vill.

Grousswiederlag

De Weekend iwwer erwaart eis eng Mëschung aus héijem an déiwem Loftdrock – d’Wieder ass deemno also net besonnesch gutt, mee awer och net schlecht. Haaptsächlech um Samsde leie mir e bësse méi ënner Déifdrockafloss, well een Déifdrockgebitt vun den Alpen hier a Richtung Polen zitt – deen Dag, un deem bei eis déi “héchst” Warscheinlechkeet vu Reen besteet.


De Verlaf vum Weekend vun uewe gekuckt (GFS) | Animatioun: wxcharts.com

Freiden, 30. Abrëll 2021

De Freidemoien ass et meeschtens wollekeg, d’Temperature leien tëscht 1 a 4 Grad a klammen am Virmëtten op 5 bis 9 Grad erop. Et ass ëmmer nach wollekeg, mee et bleift wäitgoend dréchen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun tëscht 11 a 15 Grad areecht, de Wand bléist mat Spëtzte vun 20 km/h aus Südwesten. Et bleift wollekeg, just heiansdo weist sech d’Sonn dotëscht. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 2 a 4 Grad zréck, et ass ëmmer nach oft wollekeg: Tendenz ofhuelend.

Samsden, 01. Mee 2021

De Samsdemoien ass et liicht wollekeg bis bedeckt, d’Temperature leien tëscht 4 a 6 Grad a klammen am Virmëtten op 8 bis 12 Grad erop. Et bleift wollekeg, ganz lokal ass mol eng eenzel Schauer net ausgeschloss. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 11 a 16 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nord-Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et bleift bedeckt, ganz lokal si Schauere méiglech – net flächendeckend. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 4 a 7 Grad zréck, et bleift wollekeg mee d’Warscheinlechkeet vun eenzelne Schauere geet zréck.

Sonnden, 02. Mee 2021

De Sonndemoien ass et liicht wollekeg bis bedeckt, d’Temperature leien tëscht 4 a 7 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 7 bis 10 Grad erop. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun tëscht 10 a 15 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Et bleift wollekeg, mat Chance ass ee sonnege Moment dotëscht. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 1 a 3 Grad zréck, et bleift liicht wollekeg.