Weekendwieder: Waarem, vill Sonn mee Schauerrisk

Déi summerlech Temperature komme sou lues zréck op Lëtzebuerg. Iwwerdeems zéien awer och eng Partie Wollécken iwwert eis ewech, déi vir déi eng oder aner Schauer suerge kéinten.

Summerlech waarem, minimale Schauerrisk

De Freide wärt et mat 24 bis 28 Grad schon däitlech méi waarem ginn wéi déi Deeg virdrunner. Sonn a Wollécke wiessle sech of, dobäi besteht virun allem am Nomëtten e minimale Risk vun där enger oder anerer Schauer. D’Wahrscheinlechkeet ass awer sou kleng, dass et wuel éichter drëche bleiwe sollt.

De Samsden an de Sonnde behaale mir déi selwecht Situatioun: Mir hunn et mat engem Mix aus Sonn a Wollécken ze dinn, woubäi sech d’Sonn ëmmer rem weisen/duerchsetze kann. D’Temperature packen et um Samsden op 28 Grad, de Sonndën am Süde lokal souguer rem op 30 Grad. Et besteht weiderhin e minimale Risk vu Schaueren oder kuerzen Donnerwiederen. Falls et da mol naass sollt ginn: Net wonneren!

Weider Aussiichten

Och den Ufank vun der neier Woch ass als éichter onbestännëg anzestufen. D’Sonn kënnt sech zwar oft weisen, allerdéngs klëmmt de Risk vu Schaueren emmer méi. Bis zu 30 Grad sinn dran. Déi selwecht Situatioun, just mat e puer Temperaturschwankunge, behaale mir nach bis de 19. Juli. Duerno besteht eng gréisser Onsëcherheet: Entweder et geet sou virun, oder et gëtt am grousse Ganze méi kill, woubäi trotzdem emmer nach Schauere méigleg wieren.