Wat maache, wann en Tornado op Iech duerkënnt?

Tornadoe gouf et schon ëmmer an eise Géigenden a wäerten och an Zukunft ëmmer rem bei eis virkommen. Wéi soll ee sech dann eigentlech verhale, wann en Tornado op Iech duerkënnt?

Wéi kann ee sech virun engem Tornado schützen?

Wann ee gesäit, dass en Tornado op een duerkënnt, da soll een, wa méiglech, an engem Keller no Schutz sichen. Ass kee Keller do, dann ass een an der Mëtt vum Haus um Rez de Chaussée am séchersten. Eng Regel beseet: Kuckt, dass Dir sou vill Mauere wéi méiglech tëschent Iech an dem Tornado hutt. Och Räim, déi an der Mëtt vum Gebai sinn a keng Fënsteren hu, kënnen Iech schützen. Huet ee grad keng aner Méiglechkeet an et befënnt ee sech an engem anere, manner sécherem Raum, da sollt ee sech vu grousse Fënsteren, Dieren a Miwwelen forthalen. Glasscheiwe kënne briechen a Miwwele kënnen duerch d’Vibratiounen ëmfalen. Et sollt een déi grouss Miwwelen och probéieren sou ëmzestellen, dass potenziell Fluchtweeër net kënne verspaart ginn. Foto: NJ.com

Auto bei Donnerwieder net ëmmer déi sécherst Plaz

Et gëtt ëmmer gesot, dass den Auto déi sécherst Plaz bei engem Donnerwieder ass. Bei engem Tornado ass dat awer net de Fall. Et sollt ee wärend engem Tornado nëmmen an engem Auto sëtze, wann ee séier genuch fortfuere kann. Ass den Tornado ze séier ënnerwee, da besteet héchst Liewensgefor. Wann et méiglech ass an Dir mierkt, dass Dir nach genuch Zäit hutt, da laaft aus dem Auto eraus a Sicht Iech an engem nostoende Gebai Schutz. Camper a Roulotte sinn awer ze vermeide, well dës wéi Spillsaachen duerch d’Loft gewirbelt kënne ginn. Foto: pxhere.com

En Tornado kënnt am Fräien op Iech duer

Wa Dir am Fräie sidd, an et ass een Tornado ze gesinn, da probéiert erauszefannen, a wéi eng Richtung en zitt. Zitt den Tornado säitlech, da kënnt en am Normalfall net op Iech duer. Ass awer keng Säitebeweegung ze erkennen, da kënnt en direkt op Iech duer. Fuert oder laaft an dësem Fall net genee an déi entgéint gesat Richtung fort, mee am rechte Wénkel.

… a wann et schon ze spéit ass?

Ass den Tornado schonn ze no an Dir hutt keng Zäit méi fortzelafen oder fortzefueren, da sollt Dir Iech flaach op de Buedem leeën a wa méiglech flaach mam Gesiicht no ënnen an e Stroossegruef. De Kapp sollt dobäi mat den Hänn geschützt ginn, fir net vu Saachen, déi ronderëm fléie, getraff ze ginn. Bei schwaachen Tornadoe kann een duerch dës Method ouni gréisser Blessuren iwwerliewen, bei méi staarke sinn d’Chancen däitlech méi kleng. Foto: zedge.net

Brécke maachen d’Situatioun nach méi geféierlech

Nach eppes ganz Wichteges: Dir sollt Iech nimools ënnert enger Bréck ophale, wann en Tornado op Iech duerkënnt. Eng Bréck gëtt zu engem Wandtunnel, well de ganze Wand ënnert der Bréck duerchgedréckt gëtt. De Wand gëtt nach méi staark a kann Iech an Zäit vu Sekonne matrappen. Foto: AccuWeather