Weidere Verlaaf: Duerchschnëttlech Temperature, wéineg Nidderschlag

D’Donnerwiederserie ass endlech op en Enn komm. Mee wéi geet et elo firun? Waat ee lo scho mol soe kann: duerchschnëttlech!

Net vill Nidderschléi, Temperaturschwankungen

De Moment hu mir et haaptsächlech mat engem Mix aus Sonn a Wollécken ze dinn. Vum spéiden Donnëschdenomëtten bis de Weekend mat besteht awer lokal begrenzt e klenge Risk vun där enger oder anerer Schauer. Virun allem um Samsden kéint sech och mol en Donnerwieder drënnermëschen. Eppes onwiederartëges ass awer nët ze erwaarden. D’Temperature klammen um Donnëschden op Maximal 22 Grad, de Freide rem op 24 Grad. De Samsde kënnen, ebe beim ugeschwaate Schauerrisk, rem summerlëch 26 Grad ereecht ginn.

Duerno sinn d’Modeller awer der Meenung, dass d’Temperature liicht zréck ginn, soudass mir et rem e puer Deeg op de wéinegste Plaatze mat summerlechen Temperaturen ze di kréien. Trotz dem Réckgang vun den Temperaturen sollt et awer kaum bis guer net reenen. Wann eppes eroofkënnt, wärten daat keng gréisser Quantitéite sinn.

Weideren Ausbléck

Aktuelle GEFS Ensemblerechnunge no kéint et a Richtung Enn Juli rem héichsummerlech ginn. Mee opgepasst: Daat läit nach am Glaskurrelberäich. Hei ënnendrënner fannt Dir d’Grafik dovunner. Uewen d’Temperatur, ënnendrënner de Nidderschlag. Waat déi jeweilëg Linne méi wäit ausernee sinn, waat d’Lag als méi onsëcher anzestufen ass. Opgrond vun der steigender Moyenne ass et awer wahrscheinlech, dass eis Werter klamme wärten.

Grafik: meteociel.fr