Wéinst dem Dauerreen: Héichwaasserwarnung aktiv

Zanter de Moie fréi hu mir et mat Dauerreen ze dinn. D’Reequantitéite sinn deels schonn bei iwwer 30 l/m² ukomm, lokal gouf d’Warnung also iwwertraff. Elo besteet d’Gefor vun Héichwaasser.

Update: 22:45 Auer

D’Peegelen un der Uelzecht klammen de Moment deels méi séier wéi virausgesot. Zu Hesper geet et de Moment riicht a Richtung Préalerte, am Pafendall si mir schonn driwwer – d’Cote d’alerte vun 270 cm (aktuell 242 cm) kënnt ëmmer méi a Reechwäit.

D’Peegelen zu Steesel, Miersch an Ettelbréck klammen och weiderhin zimmlech séier. Deemno wéi vill Reen nach erofkënnt, gëtt nach déi eng oder aner weider Cote de préalerte an deemno wéi Cote d’alerte erreecht.
Handelt entspriechend, wa Dir no um Waasser wunnt.

Héichwaasserwarnung (Stand: 06.02.2022 – 21:49)

Déi meescht Statioune mosse bis elo tëscht 15 a 25 l/m² Reen zanter de Moie fréi. Lokal geet et awer schonn fir méi wéi 30 l/m², wéi zum Beispill un der ASTA-Statioun zu Mamer wou 32 l/m² gezielt goufen. Baséiert ee sech op d’Radar-Donnéeën, da sollen an dësem Beräich esouguer knapp 40 l/m² gefall sinn. A Richtung Norde gekuckt, bis op d’horizontal Linn Ueschdrëf, Eschduerf, Ettelbréck a Bettenduerf, si bis ëm 35 l/m² erofkomm. D’Wiederwarnung Stuf giel, déi fir haut aktiv ass, gouf also plazeweis esouguer iwwertraff.

Dass d’Peegelen doduerch klamme, war ofzegesinn. Dass awer esouguer Warnwäerter géifen erreecht ginn, war éischter net ze erwaarden. D’Statioun Péiteng/Chiers mellt de Moment e Pegelstand vun 186 cm, huet also den éischte Warnniveau erreecht an iwwertraff. Gi mir a Richtung Norde kucken, op Ettelbréck, dann hu mir un der Uelzecht de Moment 103 cm. Der Prognos no soll an der Nuecht un den 160 cm gekrazt ginn, wat 20 cm ënnert der Préalerte ass. Deemno wéi vill Reen elo an de nächste Minutten a Stonne nach erofkënnt, kéint des Prognos weider no uewe korrigéiert ginn. Et kéint also de Risk bestoen, dass de Parking Däich iwwerschwemmt gëtt.

Well d’Ueluecht de Moment séier klëmmt, ass och op méi Plaze schonn liicht Héichwaasser ze mellen.