Wéinst dem Wieder: CREW DEMO-2 Missioun op de Samsde verréckelt

Opgrond vum Wieder ass d’CREW DEMO-2 Missioun gecancelled ginn.

Déi historesch Crew Demo-2 Missioun, déi fir haut den Owend 22:33 Auer geplangt war, huet wéinst de Wiederkonditioune knapp 16 Minutte virum Takeoff missen ofgesot ginn. Um Launch-Site selwer huet et lues a lues opgekläert gehat, iwwert dem Atlantik awer ass zu dësem Zäitpunkt eng konvektiv Front aktiv gewiescht, déi am Fall vun engem Noutfall d’Biergungsaarbéchte gestéiert hätten.

De Start gouf op de Samsden, 30. Mee 2020 21:22 verluecht. Well dëst awer méi fréi ass wéi haut, wäert et fir eis méi bësse schwéier ginn, dat Ganzt och kënnen ze gesinn – well et zu deem Zäitpunkt nach méi hell bei eis ass.