Wëllkomm an der Météo Boulaide App!

Haut, de 15. Oktober 2021 ass et esouwäit: d’Météo Boulaide App ass an den App Stores online gaangen.

Download: AppStore

Download: PlayStore

E grousse Schratt

Schonn zanter 2014 ass d’Fro no enger App säitens de Lieser ëmmer méi grouss ginn. D’Pläng dofir hunn Ufanks 2016 ugefong ëmmer méi grouss a konkret ze ginn, ier et elo dëst Joer, 2021, aus finanzieller Siicht méiglech war, eng App op de Marché ze bréngen. Vun Ufank un war et eis, ErnzerMedia, wichteg, de Leit Qualitéit ze bidden – dowéinst huet et och laang gedauert, ier mir dëse Schrëtt konnte goen.

Déi éischt Versioun vun der App ass an éischter Linn e Spigel vum meteoboulaide.com Internetsite. Se erméiglecht et elo jidderengem, deen net op de soziale Medien ënnerwee ass, vun détailléierte meteorologeschen Informatioune kënnen ze profitéieren. Genee wéi am Stil vun enger News-Säit kommen an Zukunft Artikelen, déi jee no Relevanz beim verëffentlechen als Push-Noricht un d’Lieser erausginn. E ganz wichtege Punkt ass deen: am Fall vun Onwiederwarnunge kënne wichteg Informatiounen direkt un d’Lieser verbreet ginn, ouni dass se fir d’éischt mussen op déi sozial Medie goen. Dat spuert am schlëmmste Fall enorm Zäit, wouduerch Dir Iech nach vill besser op méiglech Gefore kënnt virbereeden. Et huet niewebäi och de Virdeel, dass Météo Boulaide ëmmer manner ofhängeg vun de soziale Medie gëtt.

Nieft de méi déifgrënnegen Informatiounen, Warnungen, etc. fannt Dir natierlech och all Dag déi neist Wiederprognosen.

Et schwiewen immens vill Iddien an eise Käpp ronderëm, déi mir hoffentlech an Zukunft kënnen duerchsetzen. Déi aktuell Versioun vun der App ass op alle Fall just d’Fundament – et war eis fir den Ufank virun allem wichteg, am Fall vu méi krittesche Situatioune per Push kënnen ze warnen.

Wa Dir eis op fräiwelleger Basis ënnerstëtzen an hëllefe wëllt, fir d’Entwécklunskäschte fir déi nächst Zäit ze decken, da kënnt Dir dat gären hei maachen.

Merci fir Äer Ënnerstëtzung & Äert Vertrauen!