Weltraumschrott vun der ISS fällt zréck op d’Äerd: Wat ass wierklech drun?

An de leschte Stonne ginn et déi wëllst Theorien iwwert de Weltraumschrott vun der ISS, deen tëscht haut a muer de Mëtte soll zréck op d’Äerd falen. Dass dat geschitt, ass awer näischt aussergewéinleches.

Advertisement

11,5 Tonne Schrott am Orbit

De Moment gëtt d’Thema Weltraumschrott duerch de rezente Fall vun engem Batterieblock vun der ISS, deen zréck op d’Äerd fällt, zimmlech opgeblosen. Et gëtt Zäit, sech dat Ganzt mol méi genee unzekucken.


De Weltraumschrott an eiser Ëmlafbunn | Grafik: ESA

De Moment kreesen ëm déi 11,5 Tonne Weltraumschrott ronderëmt eis Äerd, dovun falen dagdeeglech ëmmer erëm e puer där Stécker op eis Äerd erof a vergléie meeschtens. Et kënnt awer och ëmmer erëm vir, dass verschiddenes hei ënnen ukënnt. An de meeschte Fäll stierzen dës Objeten awer an d’Mier, well d’Äerd zu 70% vu Waasser bedeckt ass. Et gëtt also statistesch gesinn eng immens geréng Warscheinlechkeet, dass iergendeen duerch Weltraumschrott blesséiert gëtt.

Wat ass dann um Batterieblock vun der ISS anescht?

D’Thema vum Batterieblock ass e méi grousst, well et sech heibäi ëmt en 2,6 Tonne schwéieren Objet handelt, deen esou grouss wéi en Auto ass. D’Warscheinlechkeet, dass dësen Objet net vollstänneg vergléit, ass méi héich wéi bei de meeschten aneren Objeten, déi soss all Dag an eiser Atmosphär vergléien. De Batteriemodul gouf deemools, den 21. Mäerz 2021, bewosst vun der ISS ofgekoppelt. Dës Manövere si geplangt an et gëtt och ëmmer am Viraus eng Ëmlafbunn berechent, duerch déi en Impakt op bewunnt Gebitter immens onwarscheinlech gemaach gëtt.


D’Bunnen, an deenen den Objet am Laf vun de nächste Stonne wäert iwwert eis Groussregioun ewechfléien – a méiglecherweis wäert vergléien. Ganz Grafik bei Klick. | Kaart: BBK

De Batteriemodul soll beim Antrëtt an d’Atmosphär an e puer Stécker briechen. Dohier huet de Bundesamt für Bevölkerungsschutz an Däitschland eng Kaart verëffentlecht, op där een d’Bunne gesäit, déi den Objet iwwerflitt. Well en eben zerbrécht, ass et kuerzfristeg onberechebar, wou genee dës wäerten an d’Atmosphär andréngen. Dat kann iwwer Nordamerika de Fall sinn, mee awer grad esougutt och op de gekennzeechenten Markéierungen. Wichteg ass awer ëmmer nach ze soen, dass wa verschidde Stécker de Wee bis ganz erof iwwerliewen, se ganz warscheinlech wäerten an d’Mier stierzen – dëst schléisst awer natierlech net aus, dass bis muer de Mëtten op eisem Himmel mol e grelle Schwäif kann opdauchen, och en Iwwerschallknall gëtt vun den Experten net ausgeschloss.

Brauch een elo wierklech en Helm? Kann ech nach virun d’Dier?

Ofgesinn vum ISS-Objet besteet zu jidderzäit e ganz klenge Risk, dass esou Objeten, déi erëm op d’Äerd falen, net komplett vergléien – an dat och ouni Virwarnung. Wéi mir et awer schonn betount hunn, ginn dës, statistesch gesinn, meeschtens iwwert dem Mier erof. En Impakt op bewunnt Gebitter ass net onméiglech, mee awer zimmlech onwarscheinlech. Et brauch ee sech also keng all ze grouss Suergen ze maachen.