Wëssen: Firwat de Niwwel am Hierscht an och am Wanter esou eng grouss Roll spillt

Et ass Hierscht, an domat weist sech elo och de Niwwel ëmmer méi. Domat gëtt och de Niwwel-Lotto en Thema, deen d’Wiederprognosen gäre mol komplett op d’Kopp kann dréinen. Wat huet et domat op sech?

Advertisement

Advertisement

Wat ass Niwwel?

Niwwel ass u sech näischt anescht wéi eng Wollek op Buedemhéicht. Vill kleng a reng Drëpsercher schwiewe viru sech hin a reflektéieren d’Liicht, wat fir eis d’Siicht markant beaflosst. An der kaler Joreszäit sinn d’Deeg méi kuerz wéi d’Nuechte, soudass sech d’Loft méi laang a méi staark kann ofkillen. Kal Loft ka manner Waasserdamp ophuele wéi waarm, wat dofir suergt, dass déi relativ Loftfiichtegkeet klëmmt. Wann d’Lofttemperatur de sougenannten Taupunkt erreecht, bedréit d’relativ Loftfiichtegkeet ronn 100 %. D’Loft ass also komplett mat Waasserdamp gesiedegt, soudass dës kee weidere méi kann ophuelen. Fällt d’Temperatur weider, soudass quasi nach méi Fiichtegkeet bereetstoe géif, ass d’Loft iwwersiedegt. Décke Niwwel mécht sech breet.

Niwwel ass net gläich Niwwel

Et gi verschidden Zorte Niwwel: Wann een an enger Wiederprognos héiert, dass virun allem laanscht d’Flossdäller mat Niwwel ze rechnen ass, dann ass de sougenannte “Seerauch” gemengt, deen zum Verdonschtungsniwwel gehéiert. Well souwisou scho méi Fiichtegkeet accessibel ass, mussen d’Temperature net sou wäit fale, fir un den Taupunkt erunzekommen. Dohier sinn dës Platze bei zréckgoenden Temperaturen oft déi éischt, déi et mat Niwwel ze di kréien.


Déi verschidden Niwwel-Zorten | Grafik via malteseislandsweather.com

Eng weider, ganz verbreet Form vu Niwwel an eise Géigenden ass den Advektiounsniwwel. Dëse kënnt zustane, wa sech fiichtwaarm Loftmassen iwwer méi kill Buedemflächen drécken. Bei eis mécht sech déi Zort vu Niwwel oft als Héichniwwel bemierkbar, zumools wa sech waarm Loftmassen iwwer sougenannt “Kälteseeen” leeën. Souee Kältesee ass vun der Orographie ofhängeg a fungéiert bësse wéi eng Bidden, déi mat kaler Loft gefëllt gëtt.


Schematesch Duerstellung vun enger Inversiouns-Wiederlag | Grafik: wetterzentrum.com

An der Héicht, do wou d’Grenz vu waarm a kal sech beréieren, entsteet den Héichniwwel, dee sech iwwer Stonnen an schlëmmste Fall souguer Deeg zéie kann. Dës Wiederlag gëtt och nach Inversioun genannt an ass eppes besonnesches. Firwat? Normalerweis gëtt et mat der Héicht ëmmer méi kal, an dësem Fall ass et awer ëmgekéiert. No uewe gëtt et méi waarm, no ënne méi kal – also genee de Géigendeel vun dem, wéi et normalerweis wier.$

Niwwel net nëmme wärend der kaler Joreszäit

Niwwel forméiert sech haaptsächlech an der kaler Joreszäit, kënnt awer och am Summer ëmmer erëm vir. Eng ontypesch Zort, wou Niwwel entstoe kann, ass duerch en Donnerwieder. Falen dës méi staark aus, da kënne gréisser Quantitéiten u Knëppelsteng erofkommen. Bei fiichtwaarme Wiederlagen, déi souwisou fir d’Bildung vun Donnerwiedere néideg sinn, ass den Taupunkt vu sech aus schonn zimmlech héich. Dëst bedeit, dass d’Temperatur net wäit muss fale, fir dass de Kondensatiounsniveau, also den Taupunkt, ereecht gëtt. D’Knëppelsteng kënnen d’Landschaft ënner Ëmstänn kuerzzäiteg ausgesi loosse wéi am Wanter, d’Loft an der Ëmgéigend vum Donnerwieder gëtt drastesch ofgekillt. Dës Couche vu Knëppelsteng brauch eng gutt Zäit, bis se ganz geschmolt ass. D’Resultat: Den Taupunkt gëtt séier erreecht, soudass sech doduerch Niwwelbänke kënne forméieren.

Wat ass dann elo de “Niwwel-Lotto”?

Mir hunn eis jo elo verschidde Niwwelzorten ugekuckt an och wéi Niwwel iwwerhaapt entsteet. Wat huet et da lo mam Niwwel-Lotto op sech? Ënnert dësem Begrëff versteet een d’Onsécherheet, ob sech de Niwwel am Verlaf vum Dag opgeléist kritt oder net. Am Wanter kënnt et oft vir, dass et trotz sonnege Wiederprognosen de ganzen Dag beim Niwwel bleift. Mee wéi kann dat sinn? Wann een als Meteorolog eng Wiederprognos mécht, bezitt ee sech op sëllech Wiedermodeller. Ausgerechent ginn dës Modeller a Rechenzentren souwéi extrem leeschtungsstaarke Computeren. Dës Computere gi mat Millioune vun Date vu Wiederstatioune gefiddert, déi dann doraus den aktuellen Zoustand vun der Atmosphär kënnen ermëttelen. Mat Hëllef vun e puer physikaleschen Équatioune ginn am weidere Schratt déi méiglech Verännerungen an der Zukunft berechent.

D’Modellrechnungen, déi dobäi erauskommen, entspriechen awer nach laang net ëmmer dem, wéi et sech tatsächlech entwéckelt. Wat de Niwwel ugeet, di se sech oft schwéier, déi korrekt Ufankszäit, Intensitéit an Dauer ze errechnen. Sou weisen se oft un, dass sech de Niwwel an de fréie Stonne vum Virmëtten opléist – heiansdo gëtt och guer kee Niwwel simuléiert. A Wierklechkeet ass et dann awer de ganzen Dag laang gro an dréif, d’Sonn gëtt vun enger décker Schicht aus Héichniwwel bedeckt. Et géif ee bal mengen, dass d’Warscheinlechkeet, mat enger Niwwelprognos richteg ze leien, sou grouss wier, wéi déi, am Lotto ze gewannen.

Vum Fréijoer un gëtt d’Warscheinlechkeet vun de Niwwel-Lotto-Situatiounen ëmmer méi kleng, well et generell net méi esou oft zu Niwwel kënnt. D’Nordhallefkugel neigt sech erëm lues a lues méi der Sonn zou, soudass d’Sonnestralen d’Temperaturen an de Moiesstonne méi einfach iwwert den Taupunkt kënnen drécken. De Niwwel léist sech also séier op, engem frëndlechen Dag steet dann meeschtens näischt méi am Wee.