
Et schéngt, wéi wa mir an de nächsten Deeg weiderhi net all ze schéi Biller aus dem Mëttelmierraum wäerte gesinn: Vill Berechnunge weise bis ëm 200 l/m² Reen, deels och wäit driwwer. En Update zur Situatioun.
Advertisement
De Mëttelmierraum kënnt net richteg zur Rou
No de sëllegen Iwwerschwemmungs-Onwieder déi lescht Woche weisen d’Berechnunge weiderhi keng gréisser Berouegung, haaptsächlech fir de westleche Mëttelmierraum. De Grond dofir ass deen, dass sech dës Kéier vun der Biskaya hier en Déifdrockgebitt vun engem aneren Déif ofkoppelt. Bis e Samschdenowend huet sech dëst Déif iwwer Spuenien bis an de Weste vum Mëttelmierraum virugeschafft a suergt dofir, dass däitlech méi kill Atlantikloft iwwert dat weiderhi waarmt Mëttelmier gedréckt gëtt. Duerch de groussen Temperaturënnerscheed, deen doduerch entsteet, ass op e Neits mat der Entwécklung vun zolitte Nidderschléi ze rechnen, déi plazeweis fir Iwwerschwemmunge kënne suergen.

Besonnesch am Fokus ass de Südrand vun de Pyrenäen, de Südosten vum Massif Central, d’Mier tëscht der Corse, Sardinien a Palma an och de Nordwesten vun Italien. Déi genee Plaze schwanken zwar nach, mee vill Wiedermodeller deiten Zommen vun tëscht 120 an 200 l/m² un. Dass Peaks vun ëm 300 l/m² kéinten erreecht ginn, ass awer och an de Berechnungen ofzegesinn. Domat missten dann vill Géigenden, déi souwisou schonn rezent betraff waren, sech op e Neits op Iwwerschwemmunge virbereeden.