Dräi Tropestierm si schonn aktiv – eppes, wat am November zanter 66 Joer net méi geschitt ass. An de nächste 24 Stonne ka sech eng weider tropesch Depressioun zu engem Tropestuerm verstäerken.
Advertisement
Nom YINXING elo den TORAJI
Nach virun e puer Deeg hate mir iwwert den Taifun YINXING beriicht, deen en Donneschden am äusserste Norde vun de Philippinen u Land gaangen ass. Kuerzzäiteg hat en dobäi esouguer d’Intensitéit vun engem Supertaifun erreecht, wat gemëttelte Wandvitesse vun 240 km/h entsprécht. Op atlanteschem Mier wier dëst en Hurrikan vun der véierter Kategorie gewiescht. An Tëschenzäit läit de YINXING 230 Kilometer ëstlech vun Hainan ewech a beweegt sech op de Vietnam zou. Aktuell produzéiert de Stuerm nach duerchschnëttlech Wandvitesse vun 140 km/h a wäert sech an de nächsten Deeg weider ofschwächen. Et ass domat ze rechnen, dass de Stuerm en Dënschden a Form vun Iwwerreschter vun engem Tropestuerm ongeféier bei Quy Nho’n am Vietnam u Land geet.
D’Philippine sinn awer elo op e Neits a Gefor: Gëschter Moien huet sech den Tropestuerm TORAJI forméiert, deen zanter gëschter Mëtten e schwéieren Tropestuerm ass – am Atlantik wier et den Equivalent zu engem Hurrikan. An Tëschenzäit läit de Stuerm 250 Kilometer südëstlech vun de Philippinen a packt et an der Moyenne op Wandvitessen vun 140 km/h. An der Nuecht op muer erreecht d’Aen vum Stuerm d’Land, ongeféier am Raum Dilasag. Bis dohi kéint en sech esouguer nach e bësse verstäerken, an der Moyenne wieren da Vitesse vun 155 km/h net ausgeschloss.
Tropestuerm MAN-YI & Invest 94W
En drëtten Tropstuerm läit aktuell 1000 Kilometer ëstlech vun de nërdleche Marianeninselen. Dësen erreecht gemëttelt Wandvitessen vu 85 km/h, ass also net esou intensiv – an awer ass et der Definitioun no en Tropestuerm – den drëtten momentan aktiven am westleche Pazifik.
Dëse Stuerm kéint geschwënn Gesellschaft kréien: 360 Kilometer süd-südwestlech vu Guam läit eng tropesch Depressioun, déi provisoresch als “Invest 94W” gekennzeechent ass. Et besteet eng héich Warscheinlechkeet, dass aus dëser eraus an de nächste 24 Stonnen e weideren Tropestuerm entsteet. Geschitt et séier genuch, da wieren dat am Ganzen véier Tropestierm am Westpazifik, an dat zur selwechter Zäit – en immens rart Bild!