Westwiederlag: Esou entwéckele sech déi lescht Deeg vum Joer 2023

Geschwënn war et dat mam Joer 2023! Och wann eis weiderhin eng Westwiederlag mat Optiounen op stiermesch Situatiounen erwaart, ginn et och mol méi roueg a liicht méi frëndlech Passagen.

Advertisement

Advertisement

D’Grousswiederlag

Fir et séier ze soen: D’Westwiederlag bleift! Dat heescht, dass mir an de leschten Deeg vum Joer ëmmer erëm ënnert den Afloss vu neien Déifdrockgebitter kommen, déi och hir Fronte kënnen op Lëtzebuerg schécken. Et wäert awer net nëmme reenen: Heiansdo kann et hannert de Fronten trotzdeem mol zu frëndleche Momenter kommen – se hale just ni wierklech laang.


Déi viraussiichtlech Grousswiederlag bis Silvester | Animatioun: wxcharts.com

Amfong ännert sech vun der Konstellatioun hier och net vill. Mir hunn ëmmer nach d’Déifdrockaktivitéit, déi sech haaptsächlech mat senge Kären op déi nërdlech Deeler vu Mëtteleuropa & Skandinavien konzentréieren, iwwerdeems e neit Héichdrockgebitt fir d’Azoren nogeréckt kënnt. Et kënnt also ëmmer nach zu gréissere Loftdrockënnerscheeder, déi ëmmer nach Optiounen op stiermescht Wieder oppen halen.

De viraussiichtleche Verlaf

Fir déi éischt Hallschent vun der nächster Woch gesäit et net emol esou naass aus, och wa vill dréif an e puer reenereg Momenter dobäi sinn. Dëst hu mir ganz liichtem Héichdrockafloss ze verdanken, deen sech vu Frankräich hier eropdréckt. Tendenziell soll et vun der zweeter Hallschent vun der Woch un méi onbestänneg ginn, well sech de liichten Héichdrockafloss erëm zréckzitt. Mir kréien dann erëm méi d’Déifdrocksäit of, an domat kënnen eben ëmmer erëm nei Reenfronten aus Westen eragezu kommen.

Fir de Weekend vu Silvester gesäit et de Moment no ville Wolleken a naasse Momenter aus. Et kristalliséiert sech awer och eng kleng Tendenz eraus, dass et dem aktuelle Stand no fir d’Nuecht vu Silvester zu e puer Opkläerunge kéint kommen. Dëst huele mir awer eréischt dann méi genee ënnert d’Lupp, wann den Dag bis méi no geréckelt ass. Eng minimal Warscheinlechkeet fir Schnéiflacke gëtt et iwweregens och.

Temperaturméisseg beweege mir eis bal all Dag bei eppes ënner 10 Grad, eréischt fir de Weekend soll et lues a lues biergof goen.

Wéi entwéckelt sech de Wand?

Wat de Wand betrëfft gesinn d’Modeller fir den Donneschden ëmmer erëm e méi stiermeschen Zenario. Den europäesche Modell ass der Meenung, dass Stuermstéiss bis 85 km/h kënnen optrieden.


Déi momentan Stuerm-Berechnung vum europäesche Modell fir en Donneschden, 28. Dezember | Grafik: wxcharts.com

Den amerikanesche Modell ass a senger neister Berechnung vun elo den Owend der Meenung, et géife stiermesch Wandstéiss vu bis ëm 60 km/h optrieden. De Moie war en awer nach op der selwechter Schinn wéi den europäesche Modell ënnerwee.