Wiederhiweis: Duerch Nätzt déi fréiert plazeweis glat Stroossen ze erwaarden

Et huet de ganze Sonnden duerch gereent. Elo, hannert der Kalfront, gëtt et séier méi kill. De Risk vu glate Stroosse klëmmt.

An Tëschenzäit leie mir hannert der Kalfront vum Stuermdéif, den héchste Wandstouss war e schwéiere Stuermstouss zu Wolz mat bis zu 93 km/h. Bis an de fréie Méindemoien era bleift de Wand spierbar ënnerwee, e gëtt awer ëmmer manner warnrelevant.

Flacke méiglech

Betrëfft haaptsächlech d’Koppen: Et kommen ëmmer méi kill Loftmassen eragezunn, parallel dozou solle sech déi lescht Schauere nach bis an der fréi Nuetshallschent eran hale kënnen. Ass dëst de Fall, da kann et besonnesch op de Koppe vum Land nach kuerz zu eenzelne Schnéiflacke kommen, ier sech de Nidderschlag definitiv aus dem Land verzitt. Relevant Quantitéite sinn awer keng ze erwaarden.

Risk vu glate Stroossen

Egal ob Schnéi oder net, iwwerall am Land ginn d’Temperaturen an der Nuecht staark zréck. An der Nordhallschent fale se schonn an der fréier zweeter Nuetshallschent an d’Géigend vum Gefréierpunkt, um fréie Méindemoien ass et och plazeweis an der Südhallschent de Fall. Déi mëllst Temperaturen hu mir weiderhi laanscht den äussersten Osten an och laanscht d’Musel ze erwaarden, soudass do de Risk vun de nächsten Zeilen däitlech manner grouss ass.

Et huet de ganze Sonnde laang gereent. Duerch d’Temperaturen, déi eben e gutt Stéck fale, kann et streckeweis duerch Nätzt déi fréiert zu glate Stroosse kommen. Vun elo u si Wiederhiweiser aktiv.