Wiederhiweiser aktiv: En Déif bréngt kuerz e bësse Wanterwieder

E Freiden hate mir kuerz d’Warscheinlechkeet vun engem klenge Schnéifallgebitt ugedeit, wat sech de Weekend iwwer fir e Méinde weiderhi konnt an de Modellrechnunge behapten. Erwaarde sollt ee sech awer net ze vill.

Advertisement

D’Situatioun

Et handelt sech heibäi ëmmer nach ëmt dat selwecht Déifdrockgebitt, wat eis elo schonn e puer Deeg laang d’Wiederprognosen op d’Kopp dréint. De Grond: Geréngfügeg Ënnerscheeder tëscht der berechenter an der tatsächlecher Positioun vum Déif léisen immens grouss Ënnerscheeder aus – e perfekt Beispill fir de sougenannte “Päiperleks-Effekt”. Fir muer schénge sech d’Modeller awer driwwer eens ze ginn, dass et op d’mannst e Stéck méi naass zu Lëtzebuerg gëtt.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Situatioun laut europäeschem Wiedermodell ECMWF | Animatioun: wxcharts.com

Eng Rëtsch vun dëse Berechnungen ënnerstëtzen den Zenario, dass eis dëst Déifdrockgebitt op senger Récksäit méi kill Loftmassen zouspillt, déi zur selwechter Zäit och mat fiichte Loftmasse gespeist ginn. Doduerch besteet virun allem e Méindemoien tëscht 5 an 12 Auer d’Warscheinlechkeet vu Nidderschléi, déi och mol a wanterlecher Form wéi Schnéireen a Schnéi kënnen erofkommen. Zumools als Wanterfrënd sollt ee sech vun dësem Zenario net all ze vill erwaarden, well sech déi héchst berechent Schnéiquantitéite grad emol op 2 cm belafen – an de rarste Fäll sollen dës iwwerhaapt erreecht ginn, sou déi momentan Modellrechnungen. Dës sinn op iwwer 400 Meter am warscheinlechsten.

De Fazit

Generell erwaart eis einfach e méi wanterlechen Dag, un dem et entweder duerch Nätzt déi fréiert oder einfach och duerch wanterlech Nidderschléi ka glat ginn. Besonnesch fir de Beruffsverkéier kann dat relevant ginn.

Am Laf vum spéideren Owend erreechen eis op e Neits Nidderschléi duerch dëst Déif. Eenzel Modeller gesi fir d’Koppen erëm e puer Flacken, iwwerdeems anerer awer méi Reen a Schnéireen virzéien. Et bestinn also nach e puer Fragezeichen – trotzdeem ass, egal wéi, mat kenger geféierlecher oder markanter Wiederlag ze rechnen. Am SkyWatch sinn zwou Zonen mat Hiweiser aktiv.