Wiederhiweiser aktiv: Lokal Schnéiflacken a glat Stroossen

Iwwerdeems de Reen am Laf vum Nomëtte méi schwaach gëtt, stinn op der Nordséi schonn polar Loftmasse parat. An der kommender Nuecht an um Mëttwochmoie klëmmt de Risk vu glate Stroossen.

Op de Koppe lokal Schnéiflacke méiglech

D’Nidderschléi hu schonn e Stéck nogeloss; en Trend, deen an de nächste Stonne viru geet. D’Randdéif ass passéiert, hannendru fannen awer ëmmer méi kill Loftmassen hire Wee op Lëtzebuerg. Dëst wäert an der kommender Nuecht de Fall sinn.

Déi lescht Nidderschléi, déi vum Dauerreen ausginn, sollten eis spéitstens an der fréier zweeter Hallschent vun der Nuecht op de Mëttwoch verloossen. Well bis dohin awer schonn méi kill Loftmassen agefloss sinn, sinn op de Koppen am Norde vum Land duerchaus Momenter mat Schnéireen, op iwwer 450 Meter och mol mat eenzelne Schnéiflacke, méiglech. All ze vill sollt ee sech dobäi awer net erwaarden, well d’Nidderschléi, wéi gesot, net wierklech laang unhalen.

Et bleift awer trotzdeem en Tick méi wanterlech: bis de Mëttwochmoie ginn d’Temperaturen an der Nordhallschent op tëscht 0 a -2 Grad zréck, am Süden op tëscht -1 an 2 Grad. Duerch de ville Reen aus de leschte Stonnen ass et also warscheinlech, dass en Deel vun der Nätzt fréiere wäert an doduerch glat Stroosse méiglech sinn.