Wiederhiweiser viru glate Stroossen & nidderegen Temperaturen aktiv

An der Nuecht op de Mëttwoch killt et erëm gutt of. Et sinn entspriechend Wiederhiweiser aktiv.

Vum Nomëtten un, soubal d’Sonn ënnergeet, falen d’Temperaturen iwerall erëm séier ënnert de Gefréierpunkt. Bis an de fréie Mëttwochnomëtten era kënne glat Streckenofschnëtter net ausgeschloss ginn. An der Nordhallschent vum Land kënnen d’Temperaturen deelweis op -7 Grad an esouguer drënner zréckgoen, wat engem Wiederhiweis viru nidderegen Temperaturen entsprécht.

An der Nuecht op den Donneschden zitt et op ee Neits gutt un, dat erëm mat engem lokale Risk vu glate Stroossen. Um Donneschde selwer komme mir méi ënner Déifdrockafloss, wouduerch d’Temperature séier klammen. Nodeems mir mat Frascht an den Dag erastarte, sinn am Nomëtten Héchstwäerter vun tëscht 5 a 7 Grad ze erwaarden. De Weekend iwwer kann ee sech op tëscht 6 an 10 Grad astellen, iwwerdeems et an de Nuechten nëmme nach op minimal 4 Grad zréckgeet.