Wiederrisk: Kraacht et de Weekend oder net?

Wéi gesäit et de Weekend iwwerhaapt mat der Donnerwiederwarscheinlechkeet aus, nodeems um Freide lokal Wäerter vu bis zu 38 Grad kënnen areecht ginn?

Konvergenzzon als Trigger

Héichsummerlecht Wieder konnt sech an Tëschenzäit zu Lëtzebuerg duerchsetzen. Oft klëmmt den Donnerwiederrisk net laang nodeems méi héich Temperaturen areecht goufen – mee wéi gesäit et fir déi nächst Deeg aus, haaptsächlech iwwert de Weekend?

De Freide schéngt d’Sonn de ganzen Dag iwwer, no Temperature vun tëscht 18 an 20 Grad an de Fréistonne ginn am Nomëtten tëscht 33 an 38 Grad erwaart. Demno wéi kënnen d’Wäerter lokal begrenzt och e bësse méi héich klammen. De Freidemëtte läit eng Konvergenzzon iwwert dem Weste vu Frankräich, un där d’Loft aus entgéintgesate Richtungen openeentrëfft. An dësem Beräich kann d’Loft soss néierens hin auswäiche wéi no uewen, wat d’Entstéiung vu Schaueren an Donnerwieder provozéiert. Des Konvergenzzon beweegt sech a Richtung Mëtternuecht ëmmer weider a Richtung Osten, also och an eis Groussregioun. Eenzelne Modellrechnunge no soll dës Konvergenzzon als Trigger fir lokal begrenzt Schauer- an/oder Donnerwiederzellen déngen.

Klengen Donnerwiederrisk zu Lëtzebuerg

Duerch d’Konvergenzzon sollt et de Freidenowend op mannst fir e puer Quellwolleken duergoen. Geet et awer beispillsweis dem amerikanesche Modell GFS no, da soll sech iwwert dem Norde vu Frankräich eng Donnerwiederfront forméieren, déi um Owend weider an den Osten zitt. Sollte sech déi momentan Berechnungen duerchsetzen (Stand: 30. Juli 2020 – 02:06), da kéim dës Front an der zweeter Hallschent vun der Nuecht op de Samsde bei eis un.

Den europäesche Modell ECMWF gesäit dat Ganzt awer méi entspaant: et soll einfach e bësse méi wollekeg bei eis ginn, réischt um fréie Samsdemoie gëtt mat schwaache Nidderschlagssignaler gerechent. Och den däitschen ICON gesäit dat esou, iwwerdeems de franséischen ARPEGE einfach e puer Schaueren an der Simulatioun huet.

Fazit: D’Warscheinlechkeet, dass Schaueren a Wiederen dëse Weekend zu Lëtzebuerg optrieden ass present, mee net all ze grouss. Dat Ganzt wäert fir Iech hei op der Plaz an och op Facebook am Aen gehal ginn. Wa néideg, ginn Updates verëffentlecht.

Donnerwiederfront um Samsden iwwer Däitschland méiglech

Ganz dovun ofgesinn, ob d’Konvergenzzon bei eis fir Schaueren oder Donnerwieder suerge kann, wäert dës Zon am weidere Verlaf vun der Nuecht op de Samsden an och um Samsde selwer iergendwann iwwert dem Weste vun Däitschland leien a wandert bis de Sonndenowend an den Oste vun Däitschland. Um Samsden ass dowéinst am Westen wéi och an der Mëtt vun Däitschland scho mat enger gréisserer Warscheinlechkeet vun Donnerwieder ze rechnen, déi duerch Knëppelsteng, Staarkreen a Stuermstéiss opfale kënnen. Fir de Sonnde gëlt dat selwecht, just fir den Oste vun der Republik.

Déi viraussiichtlech Situatioun de Weekend (ECMWF – wxcharts.com)