Wiederwarnung aktiv: Duerch Dauerreen lokal warnrelevant Reenzomme méiglech

Zanter de Mëtten 12:30 Auer gëllt eng Wiederwarnung vum éischte Niveau wéinst Dauerreen, dat fir de Südosten. Mee wéi vill Reen kënnt erof, an ass endlech mol en Enn dovun a Siicht?

Advertisement

Differenzen tëscht de Modeller, mee op alle Fall awer richteg naass

Et ass richteg naass an dat bleift et och nach eng gutt Zäit. Wa mir elo just vum Zäitraum vun elo bis muer inclus schwätzen, dann ass esouguer eng Wiederwarnung vum Niveau 1 / 3 aktiv wéinst Dauerreen, well an dëser Zäit och mol Warnschwellen kënnen erreecht ginn.

Deen Modell, deen bis muer inclus am meeschte Reen op eis duerkomme gesäit, ass den amerikanesche GFS. Dësem no si mir am Norden mat bis zu 30 l/m² dobäi an am Süde mat tëscht 30 a 40 l/m². Besonnesch laanscht den äussersten Osten a Südosten kënnen dës Quantitéiten passéiert ginn, wouduerch dann och eng Warnung aktiv ass. Aner Modeller gesinn änlech Quantitéiten, mee dat haaptsächlech fir d’Saarland. An de leschte Modell-Leef hunn déi genee Flecken, iwwert deenen dës Zommen sollen erofkommen, awer méi staark hin an hier geschwankt. Dohier huet sech Météo Boulaide dozou entscheed, trotz dësen Widderspréchlechkeeten, awer eng Warnung vum éischte Niveau (1 / 3) fir d’Kantonen Gréiwemaacher, Iechternach, Réimech a Lëtzebuerg erauszeginn. Se gëllt bis muer inclus.

Esou lues sinn d’Biedem richteg gesiedegt, wat bedeit, dass d’Peegelen vun elo un och esou lues wäerte klammen. E liicht Héichwaasser ass net ausgeschloss, sollt et nach esou viru goen.

Verglach amerikaneschen & europäesche Modell

De Verglach tëscht den zwee Modeller weist ganz gutt déi ugeschwat Differenzen | Kaarten: wxcharts.com

Ass dann nach keng Ännerung a Siicht?

Phasen, wärend deenen et iwwert eng laang Zäit dréche bleift, sinn esou direkt keng a Siicht. Laut dem amerikanesche Modell bleiwe mir op alle Fall mol nach bis Mëtt November ënnert enger variabler Westwiederlag hänken, wat ënnert anerem och de Risk fir den een oder anere Stuerm an d’Luucht dréckt – dozou awer an engem aneren Artikel méi.


D’Reequantitéite bis Mëtt November | Grafik: wxcharts.com

Bis Mëtt November ginn bis ëm 130 l/m² Reen berechent, wat ëmmer nach däitlech iwwerduerchschnëttlech fir d’Joreszäit ass.