Wiederwarnung fir den Donneschden: De Fuerplang vum Stuerm

Zanter de Moien ass gewosst, dass de Stuerm, deen zanter dem leschte Weekend an de Modeller ronderëmgeeschtert, kënnt. Dëst ass de Fuerplang fir muer den Donneschden.

D’Grousswiederlag

Eist Stuermdéif läit mat sengem Kär de Moment iwwert de westleche britteschen Inselen a wäert sech bis muer de Mëtten iwwert déi oppe Nordséi erausbeweegt hunn. Vun do aus ass bis de Freidenowend mat der Verlagerung an déi nërdlech Ostséi ze rechnen. Iwwerdeems geschitt südlech dovun zimmlech vill, besonnesch un der Kalfront vun dësem System. Iwwer wäiten Deeler vu Mëtteleuropa muss mat Stuerm gerechent ginn, deemno wéi och mat schwéierem Stuerm.


Wéi sech d’Stuermfeld op eis duerbeweegt | Animatioun: wxcharts.com

De Stuerm zu Lëtzebuerg

Nodeems mir eis schonn de Weekend déi éischt Hiweiser op de Kaarten zesummen ugekuckt hunn, ass d’Virwarnung, déi zanter de Moien 2 Auer aktiv war, dann elo op eng Akutwarnung vun der gieler Stuf eropgestuft ginn. De Stuerm dee kënnt also tatsächlech op Lëtzebuerg, sollt awer, wa mir verschidden aner méiglech Zenarien ausgrenzen (méi wäit ënnen am Artikel beschriwwen), wäitgoend normal ausfalen.

De Verlaf

Schonn an der zweeter Hallschent vun der Nuecht op den Donneschde wäert de Wand no a no zouhuelen, um fréie Freidemoien tëscht 6 an 8 Auer sinn dann schonn déi éischt Spëtzte vun tëscht 50 a 70 km/h warscheinlech. Wat et méi spéit gëtt, wat de Wand weider zouhëlt: vum Virmëtten un ass en ëmmer méi oft bei 70 bis 85 km/h ënnerwee, vun der Mëttesstonn resp. vum fréie Nomëtten u ginn dann och Spëtzte vu bis zu 90 km/h ëmmer méi warscheinlech. Wéini de Maximum erreecht gëtt, hänkt dovun of, wéini genee d’Kalfront iwwert eis ewechzitt. Den amerikanesche Modell rechent domat, dass dat schonn kuerz viru Mëtten sollt de Fall sinn, anerer hunn dëst awer eréischt fir am fréie Nomëtten um Schierm. Et ginn also, wat dat ugeet, ëmmer nach kleng Onsécherheeten.


D’Situatioun um Donneschdemëtten, ECMWF | Grafik: wxcharts.com

Mee egal ob dat elo kuerz virun der Mëttesstonn geschitt oder eréischt am fréie Nomëtten: d’Kalfront ass de geféierlechsten Deel un der ganzer Situatioun, well se déi héchst Wandvitesse vun tëscht 75 a 90 km/h mat sech brénge wäert. Soubal dës duerch ass, bleift et wuel nach eng Zäitche lefteg, mee bis Mëtternuecht (Nuecht op de Freiden) sollt de Wand awer zimmlech séier ofgeholl hunn – et ass also keng all ze laang Affär.

Geforen un der Kalfront

Wann de Verlaf esou ass wéi mir et bis elo gesinn hunn, dann wier dëse Stuerm definitiv näischt aussergewéinleches, ausser dass en zimmlech spéit fir d’Joreszäit optrëtt. Et ginn awer weider Saachen, déi een am Aen hale muss:

Un der Kalfront kënne sech deels méi kräfteg Nidderschléi an esouguer Donnerwieder entwécklen, duerch déi nach méi markant Situatioune méiglech sinn. Et wäert net iwwerall de Fall sinn, dat ass kloer, mee punktuell begrenzt kann et net ausgeschloss ginn, dass de Wand aus méi héije Loftschichten op de Buedem kann erofgemëscht ginn. An deem Moment, wou d’Kalfront iwwer Lëtzebuerg ewechzitt, bléist de Wand op 1,5 Kilometer Héicht mat 11 bis 12 Bft. (103 – 133 km/h). Dat heescht, dass et am Fall vu méi staarke Schauersegmenter oder innerhalb vu kräftegen Donnerwieder net onméiglech ass, dass schwéier Stuermstéiss bis hin zu orkanaarteg Wandstéiss vun iwwer 100 km/h optriede kënnen. Déi 133 km/h sinn zimmlech onwarscheinlech, keng Suerg, mee eppes tëscht 100 an 110 km/h kéinten ënner Ëmstänn awer machbar sinn. Mee nach eng Kéier: just an absoluten Ausnamefäll.


De Wandprofil op 1,5 Kilometer Héicht wärend dem Passage vun der Kalfront | Grafik: wetter3.de

Dobäi sief och nach gesot, dass och schonn déi “normal” Spëtzte vun tëscht 75 a 90 km/h dofir duerginn, dass Beem ëmfalen a soss liicht Géigestänn duerch d’Géigend fléie kënnen. Zumools a Punkto Beem ass et esou, dass verschiddener duerch d’Stierm aus de leschte Méint destabiliséiert sinn an esou ganz einfach ëmkippe kënnen.