Wiederwarnung Stuf GIEL: Bis an de Nomëtten era stiermesch

D’Stuermfeld aus der Nuecht ass iwwerstanen. Elo kënnt nach e weidert klengt Wand-/ resp. Stuermfeld no, ier et definitiv sollt méi roueg ginn.

ANTONIA huet groussflächeg an déi 90 km/h bruecht

Duerch d’Stuermfeld vum Orkandéif ANTONIA ass an dëser Nuecht den een oder aneren erëm wakrech ginn oder krut net all ze vill Schlof. Kee Wonner: duerch vill Reen a Wand kann et mol zimmlech haart ronderëm d’Haus ginn. Déi héchst Vitesse sinn jeeweils un der ASTA Statioun zu Märel mat 96 km/h gemooss ginn, wéi awer och zu Käerjeng-Kënzeg. Och soss louchen déi héchst Spëtzte knapp ënnert dësem Wäert, iwwerall am Land verdeelt. Et war also eng méi groussflächeg, mee tendenziell liicht manner markant Situatioun wéi beim ZEYNEP.

Esou geet et virun

No enger ganz klenger Berouegung vum Wand geet et elo esou lues erëm lass. De Grond: e weidert Stuermfeld wäert eis elo geschwënn bis an de spéidere Nomëtten era begleeden. Un dësem ass zwar normalerweis net méi mat de selwechten Entwécklunge wéi an der Nuecht ze rechnen, allerdéngs kann et trotzdem mol e bësse méi spierbar zougoen. Sou sinn ëmmer nach stiermesch Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss vun tëscht 65 a 85 km/h ze erwaarden, deemno wéi kann et op exponéierte Plaze nach eng Kéier bis op 90 km/h eropgoen. Am spéidere Nomëtten, schonn bal Iwwergang an den Owend eran, soll sech de Wand ufänken definitiv ze berouegen.

Desweidere besteet fir de Norde nach bis an de Mëtten eran de Wiederhiweis viru glate Stroossen duerch Nätzt déi fréiert & geréngfügege Schnéifall.