Wiederwarnung: Wandfeld mat eenzelne Stuermstéiss erreecht eis an der Nuecht

Vun der Nuecht un erreecht eis dat Wandfeld, wat virun e puer Deeg nach als "grousse Silvesterstuerm" an e puer däitsche Medien opgedaucht ass. Wat tatsächlech ze erwaarden ass, ass an dësem Artikel resuméiert.

Eenzel Stuermstéiss, mee keen ausgewuessene Stuerm

Elo am Nomëtten huet eis eng Waarmfront erreecht, dat mat groussflächegem Reen mee och engem spierbare Wand. Dëse ka punktuell mol op 50 bis 70 km/h opfrëschen, eng Warnung ass dofir awer net néideg.


D’Kaart mat de Wandspëtzten fir muer de Moie fréi, ECMWF | Grafik: wxcharts.com

Ännere soll dat awer an der kommender Nuecht, well eis do e weidert Wandfeld erreecht. Dëst Wandfeld soll de Modeller no e klengt Stéck méi intensiv ausfalen, an de Spëtzte kënnen tëscht 65 an 80 km/h optrieden. Dëst ass näischt aussergewéinleches, an awer geet et duer fir dass Äscht an destabiliséiert Beem mol an d’Stroosse fale kënnen.

Géint Mëtternuecht sollten d’Rollueden ëmmer méi ufänke mat klapperen, unhale soll et bis an de fréie Samsdemoien eran. Duerno bleift et zwar mat Vitesse vu 50 bis 70 km/h weiderhi lëfteg a lokal nach e bësse stioermesch, eng Warnung ass dann awer och net méi néideg. A Richtung Silvesternuecht hëlt de Wand ëmmer weider of.