Wochenausbléck: Dës Woch gehéiert dem Wanterwieder

Niddrëg Temperaturen an ëmmer rem bësse Schnéi – et bleift wanterlech zu Lëtzebuerg.

Meechtens gro, naass an zäitweis lëfteg

An dëser Woch wärt et méi oft zu Schnéifall kommen, dobäi leien d’Temperaturen dagsiwwer ëmt de Gefréierpunkt. Ëmmer rem zéie Fronten duerch, déi och e bësse Wand mat sech bréngen. Typescht Wanterwieder eben.

Mir starte mat ville Wollécken an déi nei Woch eran, dobäi muss zumols bis an de Nomëtten era mat Schnéireen a Schnéifall gerechent ginn. Iwwerdems d’Temperaturen am Norde net iwwer -1 bis 2 Grad klamme, leien se am Süde gréisstendeels bei 1 bis 3 Grad. Dëst wierkt sech och op déi potenziell Schnéihéichten aus: Am Norde sinn ëm 5 cm méigleg (op den allerhéchste Koppen driwwer) an am Süden ass mat engem dënne Flom bis hin zu 3 cm Schnéi ze rechnen.

De Schnéi hëlt den Dënschde bëssen of, mee et ass meechtens wolléckeg. D’Temperature leien am Norden haaptsächlech am niddrëge Minusberäich, am Süden am liichte Plusberäich. Den aktuelle Modellrechnunge no soll um Mëttwoch rem eng Front eragezu kommen, déi dem ganze Land Neischnéi brénge kéint. Do soll och de Süden nach bëssen eppes ofkréien. Vir de Recht vun der Woch kann ee soen, dass et haaptsächlech gro a naass bleift, duerch d’Frontenduerchgäng och ëmmer rem lëftëg. Dës Woch gehéiert ganz dem Wanter.