Wochenausbléck: Mëlle Start, a Richtung Weekend wanterlech

Lëtzebuerg fiert weider Achterbunn: No der klenger méi wanterlëcher Phase Enn leschter Woch ass elo rem kuerz mat méi mëllem Wieder ze rechnen. Laang dauert dëst net un, och vun där Phase ass scho rem en Enn a Siicht.

Vill Wollécke, mee net all ze vill Reen

De Weekend iwwer war et mat Maximaltemperaturen vun ëm 10 Grad iwwerduerchschnëttlech waarem vir d’Saison. Ab dem Méinde fléissen an der Héicht rem méi kill Loftmassen eran, allerdéngs geet daat bei eis um Buedem net vir bestännëgt Wanterwieder duer.

De Méinde präsentéiert sech vu sénger groer Säit, dobäi kënne schwaach mee net wierklech bedeitend Nidderschléi optrieden. Op de Koppe vum Land ass punktuell Schnéireen méigleg. Alles an allem starte mir also richtëg gro an déi nei Woch eran – daat mat Temperaturen, déi net méi wäit wéi 2 bis 6 Grad klammen. Et bléist niewebäi och nach e méi kräftëge Wand.

De weidere Verlaaf vun der Woch gett et tendenziell méi kill, waat d’Temperaturen awer net dorunner hënnert, rondrëm Mëtt der Woch nachengkéier op bis zu 6 Grad ze klammen. Mir behaalen d’Bild vum Méinden: Oft gro an dreiw, heiansdo schwaache Reen respektiv Fisemreen. Déi détailléiert Iwwersiicht ass ënnert dësem Link ze fannen.

Hoffnungsschimmer vir Wanterfrënn?

Wann een d’Wieder aus de leschten Deeg kuckt, an déi weider Entwécklunge vir dës Woch ënner d’Lupp hëllt, fillt et sech wierklech sou un, wéi wa sech Lëtzebuerg op enger Achterbunn befanne géif. Et ass nach net ganz sëcher, mee déi aktuell Modeller (Stand: 14.01.2019 – 00:43 Auer) gesinn, wéi d’Temperaturen ab dem Freide scho rem op de wanterlëche Niveau faale kéinten. Et sinn awer nëmme geréng Nidderschlagsquantitéiten an der Simulatioun, soudass et och déi Kéier zimmlech schwéier mat enger bestännëger Schnéicouche géif ginn. Wéi emmer heecht et awer Daumen drécken.