Wochenausbléck: No Chrëschtdag gëtt et méi kaal

D’Feierdeeg sti virun der Dier, mee wéi gëtt d’Wieder da lo schlussendlech? Dëst an e bësse méi gëtt an dësem Artikel beäntfert.

Genee no Chrëschtdag méi kill

D’Woch fängt mol nach e bësse naass un. Sou hu mir et un Hellëgowend ufanks nach mat eenzelne Schaueren ze dinn. Ab dem Mëtte gëtt et awer lues a lues besser, Reen ass op eemol kee méi do. 4 bis 8 Grad sinn ze erwaarden. Ab dem Owend bis an den Dënschdemoien eran ginn d’Temperaturen op Minusgraden eroof, glaat Stroosse sinn also méigleg.

U Chrëschtdaag sollt et dann drëche bleiwen, de ganzen Dag laang wiessle sech Sonn a Wollécken of. D’Temperaturen ereechen 2 bis 4 Grad, also gëtt et scho mol e bësse méi kill wéi an de vergaangenen Deeg. Um Mëttwoch behaale mir daat rouëgt Wanterwieder. Am Daag leien d’Werter tëschen 1 an 3 Grad, spéiderhi geet et op -2 bis -5 Grad zréck.

Ab der Nuecht op den Dënschde muss lokal mat glaate Stroosse gerechent ginn.

An duerno?

Ab der zweeter Wochenhalschend zéien zäitweis méi déck Wollécken duerch, d’Sonn fënnt hiere Wee awer ëmmer rem zréck bei eis. Reenen deet et kaum, ausser a Richtung nächste Weekend, wou rem e klenge Schauerrisiko bestoe wärt laut de momentane Modellrechnungen. D’Temperature klammen am Dag net méi iwwer 5 Grad, nuets geet et stännëg op oder ënnert de Gefréierpunkt eroof.