Wochenausbléck: Ufanks puer Schnéiflacken, da rem méi mëll

Et war en Temperaturréckgang ugekënnëgt an e kënnt och… mee ënner Ofschwächung. Am Laf vun der Woch gëtt et rem méi mëll.

Haaptsächlech am Norde Flacke méigleg

Déi lescht Woch haat ech drop opmierksam gemaach, dass et elo héich Zäit vir Wanterpneue géif ginn. Dëst trëfft och zou, zumindest waat den Ufank vun der Woch ugeet. Am weidere Verlaaf vun der Woch wärt awer just nach an de fréie Moiesstonnen an an de Nuetsstonne mat fraschtegen Temperaturen ze rechne sinn.

Haut um Méinde starte mir scho mat engem gréisstendeels bedeckten Himmel an den Dag eran, daat bei Temperature vu -1 bis 3 Grad. Buedemfrascht trëtt sëcher op, glaat Stroosse si lokal méigleg. Haaptsächlech ab dem Mëtten zéien e puer schwaach Nidderschléi an d’Land eran, déi virun allem am Norden opgrond vun den déiwen Temperaturen als Schnéireen oder Schnéiflacken eroofkomme kënnen. Am Süden handelt et sech éichter em Reen, daat bei Temperaturen déi uechtert Land op 0 bis 4 Grad klammen. An der Nuecht op den Dënschden ass bei Werter vu -2 Grad rem mat Frascht ze rechnen.

Lues rem méi mëll

Nodeems et um Dënschde bei 2 bis 5 Grad déi meecht Zäit drëche bleiwe sollt, gëtt et vum Mëttwoch un rem méi mëll zu Lëtzebuerg. Bis de Weekend solle rem bis zu 7 Grad am Dag méigleg sinn, wann een den aktuelle Modellrechnunge vertraut. Liichte Frascht an de Nuechte kann awer ëmmer nach optrieden.

Fazit: Am weidere Verlaaf vun der Woch hëllt d’Nidderschlagswahrscheinlechkeet rem of. Waat d’Temperaturen an de fréie Moiesstonnen oder an der Nuecht ugeet wier et net schlecht, Wanterpneuen montéiert ze hunn. Ob Schnéi a Wanter an der Zäit drop sou séier rem en Thema ginn, muss aus dem aktuelle Stand erausgesinn ofgewaart ginn.