Wochenausbléck: Weiderhi fraschtëg, zäitweis Schnéifall

Äiskaal Loftmassen hu Lëtzebuerg de Moment voll am Grëff! E richtëgt Enn dovunner ass net a Siicht – et si just heiansdo kuerz méi mëll “Ënnerbriechungen” ze erwaarden.

Dënschde rem bësse Schnéi méigleg

Ier et méi wolléckeg a fiicht gëtt, weist sech de Méinde virdéicht vu sénger frëndlecher Säit. Um Moie sinn e puer eenzel Niwwelfelder ënnerwee, dës sollte sech dann awer séier opléisen. Soubaal daat geschitt ass, steet der Sonn net méi vill am Wee. Am Verlaaf vum Dag zéien zwar e puer kleng Wollécken duerch, déi awer harmlos sinn. Um Moie starte mir plaatzeweis mat ëm -12 Grad an den Dag eran, um Mëtte gi -1 bis 4 Grad ereecht. An der Nuecht op den Dënschde faalen d’Werter rem bis op -10 Grad, glaat Stroosse si méigleg.

Méi interessant gestalt sech d’Entwécklung um Dënschden. D’Modeller si sech en Dag virdrunner ëmmer nach net ganz secher, ob déi kleng Front eis nennenswert Quantitéiten u Schnéi brénge wärt oder net. Den däitsche Modell (ICON) gesäit souguer eng Méiglegkeet, dass d’Front nach kuerz viru Lëtzebuerg a sech zesummefällt. Den amerikanësche Modell GFS simuléiert 1 bis 3 cm Neischnéi, de franséischen ARPEGE 2 bis 5 cm, den HIRLAM 2 bis 4 cm. Wann ee mat de genannte Modeller op e gréngen Zweig komme well, da kann een d’Vermuddung opstellen, dass et wahrscheinlech rem just vir en dënne Flom resp. eng minimal Schnéicouche vu wéinegen Zentimeter duergoe kann.

Am Allgemenge méi gro

An den Deeg drop geet et gréisstendeels méi gro virun, grouss Nidderschlagsquantitéite sinn awer keng ze erwaarden. Um Mëttwoch sinn eng ganz Partie Wollécken ënnerwee, déi d’Sonn méiglegerweis am Nomëtte mol kuerz duerchlosse kéinten. D’Temperature packen et op -2 bis 2 Grad. Och den Donnëschde wärt et zu enger ähnlecher Situatioun kommen; et ass oft méi gro, schneien oder reene soll et bis an de spéide Nomëtten eran awer net. Ab dem Owend kéint dann dem däitschen ICON no rem e bësse Schnéi opkommen. Mat -4 bis 0 Grad gëtt et nach e Stéck méi kill. An alle Nuechte muss mat méi déiwe Minusgrade gerechent ginn.