Zäit fir duerchzeootmen: Eng däitlech manner naass Woch steet un

No Wochen, an deenen et bal nëmme gereent huet, kënnt dës Neiegkeet sécherlech gutt: D’nächst Woch ass mol erëm héije Loftdrock um Wierk, duerch deen et däitlech manner naass wäert ginn. Ganz verléisst eis de Reen zwar net, mee et ass wéinstens eppes.

D’Grousswiederlag

Vum Méinden op den Dënschden inclus beweegt sech en Déifdrockgebitt vun de britteschen Inselen aus a Richtung Mëttelmier, dohier wäerte mir bis en Dënschde mat mol nach keng gréisser Ännerung mierken. Duerno notzt allerdéngs en Héichdrockgebitt seng Chance: Um fréie Mëttwochmoie läit et iwwert dem Atlantik an touchéiert schonn den äusserste Süde vun de britteschen Inselen an de Weste vu Frankräich. Am Laf vum Dag breet et sech ëmmer méi iwwer Mëtteleuropa aus, bis en Donneschde soll dës Bréck aus héijem Loftdrock bestoe bleiwen. Duerno ginn d’Berechnungen erëm auserneen.


D’Animatioun vun de viraussiichtleche Nidderschléi bis e Sonnden vun der nächster Woch | Animatioun: wxcharts.com

De Reen iwwert déi eenzel Deeg verdeelt

An dësem Artikel befaasse mir eis haaptsächlech mat de Reenquantitéiten – wéi d’Woch am Détail gëtt, dat kucke mir eis muer un. Et kann een op alle Fall op e puer potenziell Iwwerraschunge gespaant sinn.

De meeschte Modeller no reent et bis en Dënschden inclus tëscht 2 an 10 l/m², esou de momentane Stand. Fir e Mëttwoch si sech den amerikaneschen an den europäesche Modell eenz, dass et net sollt reenen, och en Donneschde kéint et esou virugoen.


Déi viraussiichtlech Reenquantitéiten bis e Méinden, 27. November laut GFS | Grafik: wxcharts.com

Vum Freiden u géif den Déifdrockafloss erëm zouhuelen, iwwerdeems den Héichdrockafloss an de Süden a Südweste vun Europa verdrängt gëtt. Vun elo bis e Sonnden inclus kënnt den europäesche Wiedermodell op 15 bis knapp 30 l/m², den amerikanesche Modell ass mat tëscht 7 an 12 l/m² dobäi. Egal wéi eng et vun dëse Léisunge gëtt, et ass op alle Fall däitlech manner wéi an de vergaangene Wochen.