Ze waarm fir d’Joreszäit: Hei sinn d’Maximaltemperature vum Samsden

Um Samsden ass den Thermometer iwwerall am Land op iwwer 30 Grad geklommen. Mat bal 37 Grad war et zu Beetebuerg am wäermsten.

Ongewéinlech waarme Samsden

De Mount Juni ass den éischte meteorologesche Summermount, de kalendaresche Summer geet eréischt den 21. Juni un. Trotzdeem ass et immens ongewéinlech an eise Breeten, dass et schonn esou fréi an engem Juni-Mount schonn esou waarm ass. A Frankräich goufe beispillsweis u gutt 200 Wiederstatioune nei Juni-Rekorder verzeechent, lokal ass et esouguer fir nei Allzäitrekorder duergaangen.

Zréck op Lëtzebuerg. Dëst sinn e puer vun de wäermste Statioune vum Samsden, 18. Juni 2022:

  • Beetebuerg mat 36,9°C
  • Ettelbréck mat 35,9°C
  • Réimech mat 35,8°C
  • Bartreng mat 34,8°C
  • Bieréng (ASTA) mat 34,8°C
  • Trënteng (ASTA) mat 34,8°C
  • Eschduerf (ASTA) mat 34,6°C
  • Iechternach (ASTA) mat 34,6°C
  • Stengefort mat 34,6°C

*D’Donnéeë vun de Statiounen ouni (ASTA) staamen aus dem Netz vu Kachelmannwetter.

Neie Rekord?

Un der offizieller Wiederstatioun (Referenzstatioun vum Land) vum staatleche Wiederdéngscht ass eng Maximaltemperatur vun 33,8 Grad gemooss ginn. De Juni-Rekord läit bei 35,4 Grad a gouf den 22. Juni 2017 gemooss. Dat heescht, dass op mannst un der Wiederstatioun um Findel kee neie Juni-Rekord gemooss ginn ass. Dëst heescht awer net, dass dat och op d’Statiounen aus dem ASTA-Netz zoutrëfft. Besonnesch Beetebuerg kéint e potenzielle Kandidat sinn, leider ass d’Statiounsnetz a Saache méintlech Rekorder net all ze transparent.