ZEYNEP/EUNICE: Neie Rekord an England, Belsch mellt knapp 160 km/h

Den Orkan ZEYNEP, international och nach EUNICE genannt, geet op der enger oder anerer Plaz tatsächlech an d’Geschichtsbicher an.

England mellt neien Allzäitrekord

Kuerz no Mëtten huet de staatleche Wiederdéngscht aus England, Met Office, e neien Allzäitrekord fir d’Flaachland verkënnegt. Un der Wiederstatioun “The Needles, Isle of Wright” ass en extremen Orkanstouss vun 122 mph gemooss ginn, also ëmgerechent 196 km/h. Domat ass de Rekord vum 15. Dezember 1979 mat deemools 118 mph (189 km/h) vum Throun gestouss ginn. E neie Rekord wat also Wandvitessen am Flaachland ugeet.

Koppen a Bierger mat abezunn hält awer ëmmer nach de Cairngorm summit a Schottland, opgestallt am Joer 1986. Deemools huet de Wand mat bis zu 173 mph geblosen, also 278 km/h.

Belsch mat knapp 160 km/h am Nomëtten

Wéi och vu Météo Boulaide bewarnt, ass et och un eise Küsten besonnesch uerg zougaangen an dat wäert sech esoubal net sou séier berouegen. De Wiederdéngscht Noodweer Benelux huet déi héchst Wandvitessen bis 16:50 Auer zesummegedroen.

An der Belsch ass Veurne mat 158 km/h op der éischter Plaz, direkt hannendrun ass Jabbeke mat 151 km/h. Courcelles war bis zu deem Zäitpunkt mat 142 km/h dobäi, Kluizen an Oostende mat 135 an 133 km/h.

An Holland si just minimal méi niddereg Wäerter ze verzeechne gewiescht: Cabauw war bis dohin mat 145 km/h ënnerwee, Hoek van Holland mat 141 km/h. Hannendru kënnt Houtdribdijk mat 137 km/h souwéi och Vlissingen mat 135 km/h. Och nach an d’Top 5 gepackt huet et IJmuiden mat 130 km/h.