ZEYNEP: Onwiederwarnung Stuf ROUT wéinst der Kalfront

An de Modellrechnunge ginn et liicht Upassunge no uewen, wat de maximal méigleche Wand un der Kalfront ugeet. Eng Upassung war néideg.

Kalfront de geféierlechsten Deel

D’Berechnungen hunn am Géigesaz zu deem, wat mir an de leschten Deeg schonn beschwat hunn, nëmme minimal verännert – mee halt esou, dass elo liicht méi héich Vitesse méiglech sinn.

Mir bleiwen am Allgemenge bei 70 bis 85 km/h. Et ass ebe just d’Kalfront, déi fir Lëtzebuerg méi geféierlech ka ginn. Do wiere mir schonn méi warscheinlech bei 90 bis 110 km/h ënnerwee (besonnesch am Fall vun enger zolitter Schauerlinn), ënner Ëmstänn kéinten awer esouguer orkanaarteg Wandstéiss vu bis ëm 115 km/h an driwwer net ausgeschloss ginn.

Passt op wann Dir dobaussen ënnerwee sidd. Berouegung trëtt am Laf vum Owend an.