Zimmlech naass, kräftege Wand a lokal Schnéi: De Fuerplang fir de Weekend

Lues a lues gëtt de Lafwee vun eisem Weekend-Déif ëmmer méi kloer. De Wand ass méi schwaach ginn, bleift awer relevant. Och de Schnéi gëtt en Thema, tendenziell méi awer op de Koppen.

Advertisement

Modeller pendele sech an

Wärend de leschte Modell-Leef huet sech de Lafwee vum Déifdrockgebitt nach e puer mol geännert a schéngt elo en éischter ontypesche Wee anzeschloen, deen eis zu Lëtzebuerg awer keng all ze grouss Changementer am Verglach zu de Berechnunge vu gëschter géif bréngen.


De generelle Lafwee vum Déif | Animatioun: wxcharts.com

D’Modeller GFS, ECMWF, ICON-EU, ARPEGE an eng Rëtsch anerer rechnen elo zimmlech eenheetlech domat, dass d’Déifdrockgebitt an der Nuecht op e Samschde vun de britteschen Inselen hier an der Belsch/Holland op eise Kontinent trëfft a sech vun do aus an d’Belsch eriwwer verlagert. An der Nuecht op e Sonnde kéint de Kär vum Déif méi oder manner iwwer Bréissel leien an drift vun do aus a Richtung Paräis of – wat eng zimmlech ontypesch Lafbunn fir en Déifdrockgebitt ass. Duerch dëse Faktor si Schnéi a Wand zwar ëmmer nach an eise Wiederkaarten ze gesinn, mee se goufe weider reduzéiert.

De Fuerplang

An der Nuecht op de Samschden passéiert eis d’Kalfront vum relevanten Déif, dat mat verbreetem Reen deen och mol méi kräfteg kann ausfalen. De Wand ass mat Spëtzte bis ëm 55 km/h zwar spierbar, mee wäit ewech vu stiermesch. Hannert der Front, wat vum Virmëtten u sécher de Fall sollt sinn, gëtt et bis an de Nomëtten eran temporär manner naass, de Wand hëlt awer zou. Besonnesch laanscht de Westen, méi op exponéierte Plazen, kann et deels zu Spëtzte vun ëm 60 oder 70 km/h kommen. Vum fréien Owend un erfaasst eis lues awer sécher de Kär vum relevanten Déifdrockgebitt, wat zu dësem Zäitpunkt iwwert der belscher/hollännescher Küst wäert leien. Et gëtt vu Nordwesten hier ëmmer méi naass, och de Wand ass wiederhi spierbar ënnerwee.


D’Signaler op eng Schnéicouche si begrenzt a bezéie sech haaptsächlech op d’Koppen | Grafik: wxcharts.com

Am Laf vum Owend/spéideren Owend gerode mir op d’Récksäit vum Déifdrockkär, wou méi kill Loftmassen eragefloss kommen. D’Temperature gi besonnesch op de Koppen op ëm 1°C zréck, de Reen kann, je no Intensitéit, séier a Schnéifall iwwergoen. Wéi laang dës Phas undauert, ass awer onkloer. Et handelt sech dobäi ëmt e klengen Détail, deen sech nëmme kuerzfristeg wäert klären. A Richtung fréie Sonndemoie gerode mir erëm op déi méi mëll Säit vum Déif, well et jo a Richtung Paräis ofdrifte wäert. Et gëtt mol nach naass, mee et gëtt generell e bësse manner. Och de Wand ass dann esouwäit keen Thema méi.

De Fazit

An de genannten Zäitfënsteren ass, Stand elo, mat kräftege bis hin zu stiermesche Wandstéiss ze rechnen – Stuermstéiss (>75 km/h) sinn net all ze warscheinlech. D’Thema Schnéi soll just op de Koppe kuerzzäiteg kënnen en Thema ginn, je no Dauer vum Openthalt vun der Récksäit vum Déif bei eis kann och den een oder aneren Zentimeter falen, ier déi erëm séier verschwannen. Generell schwätzt also villes fir en ongemittleche Weekend mat vill Reen, staarkem Wand an och punktuellem Schnéifall – eng aussergewéinlech Situatioun ass dëst awer bei wäitem net.