Zolidd Onwieder a Portugal a Spuenien: Wéi geet et elo virun?

A Spuenien a Portugal ass et an de leschten Deeg, wéi ugekënnegt, zu schwéieren Onwieder komm. Plazeweis hunn bal 200 l/m² fir schro Iwwerschwemmunge gesuergt – an et ass nach net eriwwer.

Advertisement

Punktuell 200 l/m² Reen

Wéi am Artikel vu leschtem Dënschden thematiséiert, koum et an de leschten Deeg leider zu schwéieren Onwieder an Deeler vu Spuenien a Portugal. De Wiederstatiounsdonnéeë no huet et punktuell bal 200 l/m² gereent – een vun de bis ewell markanteste Passagen waren déi lescht 24 Stonnen. Besonnesch betraff sinn de Westen a Südweste vun Andalusien, de Süde vu Kastilien a Léon, an dann och nach den äussere Nordoste vu Katalounien. Zanter gëschter Mëtte belafe sech déi héchst Zommen op tëscht 50 a knapp iwwer 120 l/m².

Kee Wonner, dass an de leschten Deeg ëmmer erëm schro Biller vun zolitten Iwwerschwemmungen an de soziale Medien opdauchen.

Weidere Reen ze erwaarden

D’Globalmodeller ECMWF a GFS hunn zwar hir Differenzen, an awer gesi se am Allgemengen, dass d’Déifdrockaktivitéit nach bis Mëtt Mäerz net nohalteg wäert ofhuelen. Dat heescht, dass ëmmer erëm nei kräfteg Nidderschléi iwwer Portugal a Spuenie kënnen ewechzéien. Bis dohi wäert et awer net nëmmen déi Géigende betreffen, mee och a Südfrankräich esouwéi an Deeler vu Norditalien kënne warnrelevant Zommen optrieden.


Déi momentan berechent akkumuléiert Reenzomme bis de 16. Mäerz laut ECMWF-Modell | Grafik: wxcharts.com

Wa mir eis d’Berechnunge vum europäesche Modell (ECMWF) ukucken, da soll et op enger Rëtsch Plazen zu tëscht 100 an 200 l/m² Reen kommen, punktuell däitlech driwwer. Den amerikanesche Modell ënnerstëtzt dëst Bild an ass just minimal méi zréckhalend.