Zolitte Schnéifall um Freiden? Oder awer “nëmmen” Dauerreen? Et gëtt immens kniffleg!

De Freiden ass en Dag, deen elo schonn eng ganz Zäit laang gréisser Fragezeichen an de Raum stellt. Bis den Dag selwer wäert keen esou genee wëssen, wéi den Dag iwwerhaapt verleeft.

Onsécherheeten duerch Randdéif

Schold un de groussen Onsécherheeten ass e Randdéif, wat um Freide viraussiichtlech knapp südlech mat sengem Kär u Lëtzebuerg laanschtschramme wäert. D’Modeller sinn zwar quasi all der Meenung, dass et südlech laanschtzitt – mee déi Fro, déi fir gréisser Ännerunge suerge kann ass déi, wéi wäit südlech et wierklech duerchzitt. Un Zenarien stinn zur Auswiel: Eenzel Flacken, staarke Schnéifall am ganze Land, nëmme Reen (Dauerreen) oder och Stuerm. Op mannst dat mam Stuerm sollt awer zimmlech sécher net an d’Spill kommen, wann d’Kaarten esou bleiwe wéi elo.

Prognose si schwéier

Egal wat ech elo nach hei schreiwen, fest steet: esouguer um Freidemoie wäert kee Mensch soe kënnen, wéi genee den Dag verleeft. Zitt d’Déif nëmmen e puer 100 Kilometer oder esouguer manner wéi virausgesot un eis laanscht, kann dat ganz grouss Auswierkungen op eist Wieder hunn.

Amerikanesche Wiedermodell GFS


Den amerikanesche GFS gesäit ënnert anerem groussflächegen an zolitte Schnéifall op eis duerkommen | Grafik: wxcharts.com

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent, dass d’Déif wierklech ganz knapp hannert der franséischer Grenz laanschtschramme soll. Ugoe soll et um fréie Moie mat Reen, deen dann vum spéidere Virmëtten un am ganze Land an zolitte Schnéifall iwwergoe soll. Och eng groussflächeg Schnéicouche soll méiglech sinn, berechent ginn tëscht 2 an 8 cm – de Maximum esouguer iwwert dem zentrale Lëtzebuerg a mol net am Norden. Wat d’Gesamtnidderschlagsquantitéiten ugeet gëtt mat tëscht 20 an 30 l/m² gerechent.

Europäesche Wiedermodell ECMWF


Den ECMWF gesäit de Schnéifall haaptsächlech am Süden | Grafik: wxcharts.com

Dem ECMWF no zitt d’Déif um Freide nëmmen e klengt Stéck méi wäit südlech duerch, wéi dat wat vum amerikanesche GFS berechent gëtt. Doduerch géif zwar dat ganzt Land ënner flächendeckendem Reen leien, deen sech och als Dauerreen entpuppe kann, mee de Schnéifall wier dann méi eppes fir d’Südhallschent vum Land. Dëse kéint dann och, esou wéi de GFS et gesäit, zimmlech zolitt ausfalen. Kuerzzäiteg sollen an dëse Gebitter tëscht 1 an 3 cm Neischnéi méiglech sinn. Dëse Modell ass just mat 6 bis 12 l/m² ënnerwee, wat keng warnrelevant Situatioun ze bedeiten hätt.

Däitsche Wiedermodell ICON


Den ICON hätt och méi zolitte Schnéifall fir dat ganzt Land am Rucksak | Grafik: wxcharts.com

Den däitsche Modell ICON gesäit esouguer, dass sech an dësem klenge Randdéif op eemol esouguer zwee Kären opdoe sollen. Den éischte géif am fréie Nomëtte nach méi wäit südlech duerchzéie wéi den ECMWF et gesäit an den zweeten wier erëm e Stéck méi wäit nërdlech ënnerwee. Den éischte Kär géif dem Land kräftegen Dauerreen bréngen, a Richtung Nomëtten och déi éischt Flacken op Plazen am Norden mee awer och am Süde vum Land. Den zweete Kär géif dann esou richteg déi méi kill a fiicht Loftmasse vum Atlantik opschëppen an eis esou bis ganz erof zolitte Schnéifall bréngen. Leie bleiwe sollt dann haaptsächlech just an der Nordhallschent eppes, tëscht 1 a 4 cm gi berechent.

Franséische Modell ARPEGE


Den ARPEGE gesäit d’Situatioun änlech wéi den ICON, just manner intensiv | Grafik: wxcharts.com

Den ARPEGE kënnt dem ICON am noosten a gesäit och en zweete Kär, dee knapp südlech un eis laanschtgoe soll. Den éischte soll eis kräftegen Dauerreen op Lëtzebuerg bréngen, den zweeten dann verstäerkte Schnéifall bis wäit erof. Wat d’Reequantitéiten ugeet ass e mat 10 bis knapp 30 l/m² ënnerwee, d’Schnéihéichte géife sech bis Mëtternuecht (Nuecht op de Samsden) op tëscht 1 an 4 cm bezifferen – queesch duerch d’Land verdeelt.

Gréisser Opmierksamkeet néideg

Meteorologen a Wiederbegeeschterter halen d’Situatioun um Freiden besonnesch a Punkto Nidderschlagsquantitéite genee am Aen. De Grond: nach um Dënschde gouf et Modeller, déi fir de Freiden an Zäit vu nëmme 24 Stonnen bis zu 60 l/m² berechent haten, wat definitiv enger Onwiederlag entsprieche géif. Iwwerschwemmungen an Héichwaasser wiere bei esou engem Zenario net ganz onméiglech. Et bleift also ze hoffen, dass d’Modeller net nach eng Kéier an déi Richtung ëmänneren an och, dass sech um Freide selwer d’Situatioun net nach spontan ännert – dëst wier dann nämlech vill ze kuerzfristeg fir d’Modeller fir ze erkennen, soudass een, wann een d’Situatioun net Real Time am Aen hält, kéint iwwerrascht ginn.