An dëser Nuecht ass de Maximum vun de Perseiden-Stäreschnäizen. Elo just koum dann och nach d’Nouvelle, dass e staarke geomagnéitesche Stuerm amgaangen ass – et kann also gläichzäiteg zu Polarliichter kommen.
Advertisement
Perseiden erreechen hire Maximum
Wéi am Artikel vum vergaangene Mëttwoch schonn gesot, sinn de Moment vill Stäreschnäizen ënnerwee. Et handelt sech dobäi ëmt d’Perseiden, déi an der Nuecht op en Dënschden hire Maximum erreechen. Statistesch gesinn kënne wärend dëse Peak-Zäiten bis zu 100 Stäreschnäizen d’Stonn beobacht ginn, a “gudde Joren” esouguer méi. Bei esou ville Stäreschnäize muss een also net laang Gedold hunn, fir der ze gesinn.
Fir déi bescht Konditioune soll ee sech esou wäit et geet vun all Liichtverschmotzungs-Quell ewechhalen, also och vun Dierfer. Wann et stackdäischter ass, sinn d’Stäreschnäize vill besser ze gesinn. De Radiant läit am Nordosten – also de Punkt, vun dem aus d’Stäreschnäizen ze komme schéngen. Well sech hire Schwäif awer zimmlech laang kann zéien, brauch ee sech net explizit just op déi Richtung ze fixéieren.
Geomagnéitesche Stuerm vun der Stäerkt G4
Wéi deemools am Mee ass aktuell fir d’zweet Kéier an dësem Joer e geomagnéitesche Stuerm vun der Stäerkt G4 aktiv – dat huet de NOAA Space Weather Prediction Center an der leschter Stonn bekanntginn. E G3-Stuerm war souwisou schonn amgaangen, mee d’Intensitéit ass an d’Luucht gaangen. Dëst geschitt natierlech am Kader vun engem sougenannten CME (koronale Massenausworf), deen op d’Äerd getraff ass. Ënnert engem CME versteet een eng Sonneneruptioun, bei där Sonneplasma mat grousse Vitessen an de Weltall geschleidert gëtt. Trëfft esou een op eis Äerd, da gëtt eist Äerdmagnéitfeld gestéiert resp. agedréckt. Un eise Polen sinn d’Grenzen vun dësem Magnéitfeld eis logescherweis am notsten – dat ass de Grond, firwat ass an dëse Géigenden Polarliichter zimmlech heefeg sinn.
Bei staarke Sonnestierm kënnen dës gelueden Deelercher awer och méi wäit a Richtung Süden fir Reaktioune suergen: An de leschte Méint koum et ëmmer erëm iwwer Mëtteleuropa zu Polarliichter – se ware just meeschtens nëmme per Laangzäitbeliichtung ze gesinn. Dës Siichtungen sinn op de Sonnenzyklus zréckzeféieren, deen an dësem Joer säi Maximum soll erreechen – dohier ginn och Zenarien, wéi se am Mee an och elo erëm virkommen, ëmmer méi warscheinlech.
Et ass also domat ze rechnen, dass een an dëser Nuecht op d’mannst per Kamera (Laangzäitbeliichtung) och nach Polarliichter ze gesi kritt. Mat e bësse Chance gesäit een se och erëm visuell mam bloussen Aen, nëmme liicht manner staark wéi virun e puer Méint. Dëst hänkt awer ganz dovun of, ob d’Aktivitéit tatsächlech bis an d’Nuecht unhält – et bleift spannend.