Zweestelleg Minusgraden: Déi vergaange Nuecht war déi keelst vun der Woch

Kill Loftmassen an e kloren Himmel: d’Zutaten fir eng knackeg kal Nuecht, wéi mir se an de leschte Stonnen haten.

E puer vun den Déifstwäerter aus der Nuecht

Déi vergaange Nuecht war déi keelst vun dëser Woch, geschwënn geet et schonn erëm biergop mat eisen Temperaturen. Ugekënnegt ware bis zu -10 Grad a liicht drënner, wouru sech d’Thermometeren ueschter d’Land gehalen hunn.

Sou gouf zu Breedelt (ASTA) eng Minimaltemperatur vu -10,8 Grad gemooss, zu Schëmpech (ASTA) ware mir mat -10,1 Grad ënnerwee, un der Kachelmann-Statioun zu Béiwen an der Stauséigemeng waren et -10 Grad, genee wéi un der ASTA-Statioun zu Ueschdrëf mat -10 Grad.

Net nëmmen am Norde si spatz Wäerter gemooss ginn, mee och an der Südhallschent. Un der ASTA-Statioun zu Steesel ass et bis op -8,8 Grad erofgaangen, d’selwecht zu Käerch an Trënteng. Zu Märel (ASTA) ass d’Temperatur op -8,5 Grad gefall.

Et geet méi mëll virun

Fir e Wanter sinn dëst keng ongewéinlech Temperaturen, trotzdeem awer nennenswäert. An der Nuecht op den Donneschden ass wuel erëm mat Frascht ze rechnen, mee schonn zimmlech fréi am Dag gëtt et séier méi mëll. An den Deeg drop ass dann éischter kee Frascht méi ze erwaarden.