Zweet Hallschent vum November: Schläicht sech de Wanter inkl. Schnéi un?

Op de Wiederkaarte vum amerikanesche Wiedermodell GFS deet sech eppes a Saache Schnéi & Wanter.

Dësen Artikel ass spekulativ ugehaucht, an awer ass et dowäert en interessante Bléck an déi méi wäit Zukunft ze geheien. Mir schwätze vun der Zäit ronderëmt den 18. November.

Den aktuelle Berechnunge vum amerikanesche Wiedermodell GFS no soll sech fir déi Zäit e kräftegt Héichdrockgebitt nordwestlech vun de britteschen Inselen positionnéieren, iwwerdeems ëstlech dovun déiwe Loftdrock läit. Soumat géife mir ënnert eng nordwestlech Stréimung geroden, duerch déi fiicht a kal Atlantikloft/Polarloft hire Wee op Lëtzebuerg géif fannen. Zenarie mat Schnéi, Schnéireen a glate Stroosse wieren dann ganz warscheinlech, wa sech dës Berechnunge confirméiere géifen.


Wanterlech Zenarie ginn an der zweeter Hallschent vum Mount ëmmer méi warscheinlech | Animatioun: wxcharts.com

Natierlech kann een elo nach keng konkret Aussoe bréngen, mee eppes ass sécher: lues a lues deet sech eppes an der Wiederkichen.