Zweet Nuetshallschent: Risk vu Gedimmers aus Frankräich

D’Wiedermodeller deiten un, dass sech an der zweeter Nuetshallschent e Schauer- an Donnerwiedergebitt an eis Géigende verlagert. Am Fokus wier de Staarkreen – méi kräfteg Phänomeener si net komplett ausgeschloss.

Advertisement

D’Situatioun

An der Nuecht beweegt sech vum zentrale Frankräich hier en Déifdrockgebitt a Richtung Süd-BeNeLux a Westdäitschland. Un dësem ginn däitlech méi fiicht Loftmassen an eis Géigende gedroen, wat zesumme mat der Hiewung dofir suergt, dass sech e Gebitt mat Schaueren an och mol agelagerten Donnerwieder ausbild.


Eng kleng Duerstellung zu de Schaueren an Donnerwieder an der Nuecht | Grafik: wxcharts.com

Dat tückescht un der Saach ass, dass d’Wiedermodeller de Moment gréisser Ënnerscheeder an der Intensitéit opweisen. Iwwerdeems déi eng einfach e Reegebitt mat agelagertem Gedimmers gesinn, ginn et eenzel Léisungen, déi opgrond vun e puer Parameter och punktuell méi markant bis kräfteg Entwécklungen net wëllen ausschléissen – wat och net vu Muttwëll: Duerch d’Déif, wat opgezu kënnt, kënnt eng gewëss Dynamik an d’Spill. Simuléiert gi CAPE-Wäerter vun 200 bis 700 J/kg, gekoppelt mat enger markanter Wandscherung (souwuel an den ënneschte Schichten esouwéi och den ieweschten), enger héijer buedemnoer Loftfiichtegkeet an och méi wéi genuch Hiewung. Mam Passage vum Schauer- an Donnerwiedergebitt klammen d’PPW-Wäerter (Precipitable Water) och op ëm 35 l/m², wat e weideren Indice fir relevant Nidderschléi ass.

Dat heescht elo wat?

Dass et an der Nuecht, resp. a Richtung muer de Moie fréi an eise Géigenden zu Schaueren an Donnerwieder kënnt, ass warscheinlech. Dobäi kéim et primär zu Reen, deen och mol méi kräfteg kann ausfalen. Kommen d’Zutaten esou zesummen, wéi verschidde Modeller dat awer gesinn, kann et op punktueller Basis och mol warnrelevant zougoen: Stuermstéiss, Knëppelsteng a Staarkreen wieren dann méiglech.

Dëst spillt sech an engem Zäitraum vun iergendwou tëscht 2 an 8 Auer moies of – wéi gesot, d’Modeller hunn de Moment e bësse Krämpes op e Nenner ze kommen.