Zweet Wochenhallschent erëm méi naass: Wéi vill Nidderschlag kënnt elo op eis duer?

Dat momentaant méi rouegt Wieder hu mir héijem Loftdrock ze verdanken. Wéi am Wochenausbléck betount, dauert et elo awer net méi laang bis et erëm naass gëtt. Fale mir an dat “aalt” Muster zréck?

Gemësch aus Schnéi a Reen

An dësem Artikel kucke mir zwar haaptsächlech op déi allgemeng Nidderschlagsquantitéiten, mee dëst ass d’Info dass wuel net alles wäert als Reen erofkommen. Dozou verweisen ech gär op den Update vu gëschter, den éischte Schnéi vun der Saison ass warscheinlech.


D’Nidderschléi ginn erëm en Tick méi heefeg | Animatioun: wxcharts.com

Verantwortlech ass en Héichdrockgebitt iwwert dem ëstlechen Atlantik an en Déifdrockgebitt iwwert dem Baltikum. Duerch dës Konstellatioun forméiere sech deemnächst ëmmer erëm Schaueren, esoudass déi zweet Wochenhallschent erëm en Tick méi naass wäert ausfalen wéi déi éischt.

D’Nidderschlagsquantitéiten

Dës Nidderschlagsquantitéite rechnen d’Modeller akkumuléiert gesinn vun elo bis e Sonnden inclus:

  • GFS: 5 – 10 l/m²
  • ECMWF: 4 – 10 l/m²
  • ICON-EU: 5 – 9 l/m²
  • UKMO: 5 – 25 l/m²
  • SWISS-MRF: 5 – 15 l/m²

Huele mir den Duerchschnëtt, da komme mir bei tëscht 4,8 a 13,8 l/m² eraus. Et gëtt also tatsächlech e Stéck méi naass, mee mir si wäit fort vun de Verhältnisser vun der leschter Woch.

De weidere Verlaf

Am Ufank vum Artikel hate mir eis d’Fro gestallt, ob mir an dat aalt Muster géifen zréckfalen. Dem momentane Stand no éischter net, well de Modellrechnunge no ëmmer erëm wäerten Héichdrockgebitter opdauchen, déi den Atlantik blockéieren. Natierlech erwaarden eis mol Déifdrockgebitter, mee net am Stil vun enger strammer Westwiederlag. Dëst spillt potenziellen Schnéi-Situatiounen an d’Kaarten.

*SWISS-MRF Source: Kachelmannwetter